FOTOEN - 112 mellt
Trottinett op der Kopp zu Ënsber
En Accident kanns du och selwer bauen. Schéck eis eng Foto dovunner, da muss eise Fotograf net bei all Wierder iwwer d’Stroosse renne wéi eng Sau, fir als éischte sur Place ze sinn.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_een_Kaabes08.07.2023Déi oofgehange vun eiser Gesellschaft interesséierën déi ofgehuewe Gesellschaft zu Letzebuerg net, léiwer déi aaner Seit kucken! Ech kéint RTL e Reportage iwer esou eng Famil proposéierën, op d’Redaktioun awer bereet ass sou e Reportage ze brenge, bezweifelën ech. Et ass méi angenehm iwert d’Paischcroisière ze berichten. Sou am Stach wéi déi gelooss gi vun alle Seiten ass en Hohn.
-
Wuermdran08.07.2023D'Impfgéigner wëlle keen Dialog, sie wëllen Narrefraiheet. Sie wëllen dass mir alleguer hier faktesch falsch Ideologie, déi net nëmmen hinne selwer schued, mee eis alleguer, einfach hinhuelen an ënnerschlëcken. Doriwer eraus erklären se eis bei all Geleegenheet entweder zu Schof oder verglaichen eis mat Nazien, während se mettlerweil all Samsdes wi Schof nierwend rietse "Patrioten" an Casseuren matmarschéieren. Fann de Fehler. Vill Leid sin degoutéiert an ech kann eisen Impfskeptiker nëmme soen, et get och een Dono. No Corona. An et get net alles vergiess. Dir sidd flait och eng Kéier ob Solidaritéit ungewisen an ech hoffen fir ierch dass är Matmënschen dann net nodroend sin.
-
tetrapack08.07.2023Déi si jo all Direkter gin well se esou gut Handwierker waren an eppes vun deem Beruf verstin ;O) Wann e Patron säin Aarbechter gut bezillt, da kritt en och gut Aarbecht vu GUDDE Leit geliwwert. Wann e schlecht bezillt kritt e schlecht Aarbechter a schlecht Aarbecht! Et läit net un de GUDDE Leit, ma et läit ganz eleng un eisem System an de Betrieber selwer. Kleng Betrieber liwweren ze dat déi beschten Aarbecht, well de Patron do meeschtens mat dobäi as, a wees, wat seng Leit maachen, an e wees déi Qualitéit dann och ze schätzen an ze bezuelen. Grouss Betrieber si jhust um Emsaatz interesséiert, an do passt nun emol en deieren a gudden Aarbechter net dran. De Verglach muss een do zéihen mam Gehalt vum Betriebsaarbechter zum Gehalt vum Patron! E klengt Beispill,....ech hun en Zammermann an der Famill, dee bezillt seng Aarbechter anstänneg, déi Aarbechter sin zefridden, a se liwweren eng Top Aarbecht. Déi meescht sin do am Duerchschnett 25 bis 30 Joer agestallt, an zefridden. Aarbechter zefridden,Patron zefridden,Client zefridden,...wat well ee méi! Ma wann den Aarbechter näischt verdingt, mat Flemm op seng Schaff geht,....wou kann een dann vun deem e maximalen Obwand verlaangen? Zum Gehalt vun de Patroen,....wann ech als Client muss 2 Méint schaffen, fir déi Aarbechten ze bezuelen, déi en Handwierker bei mir an 2 Deeg mècht, da stellen ech mir schon emol meng Froen! A wann ech dann dobäi kucken wat seng Leit verdengen, an ech muss bezuelen, da muss ech mech jo em dem Patron seng Zukunft net suergen! GUT Leit gin et iwwerall, an déi fennt een wann een dee néidegen Respekt virun hinnen huet!!! Gudd Nuecht
-
Letzpower08.07.2023"mä bon, an der Industriezon bei der Diddelenger Autobunn bleift et lo mol schéi roueg, d'Déiere kënnen zefridde sinn": ass daat fir den Här Grotz eppes Negatives??? Net am Stau stoën ze musse, Rou an eng Intakt Emwelt sinn och Valeuren déi eng Berechtegung hunn.
-
LibrePenseur08.07.2023Virwaat huet d' CSV da keng Reserven ugeluecht virun der Kriis, wéi sie un der Regierung waren? Virtéicht näicht maachen an dono meckeren.
-
Eieiei08.07.2023Ech menge schon, datt Chaussures Léon selwer kapabel sinn hiir ege Reklammen ze finanzéieren an et net néideg hunn op eng Madamm Cahen zreckzegräifen?! Ech perséinlech fannen et keck fir sech grad just elo an der Summervakanz esou e Spaass ze erlaben. D’Reaktioun vun der CSV seet ons jo genuch wou de Schong wirklech ëmmer nach dreckt. Nämlech an hiiren egene Reihen! Et muss wirklech schlëmm sinn wann een op der Oppositiounsbänk sëtzt a net emol Spaass versteet?! Dir macht iech d’Liewe selwer schwéier, gitt dach emol méi positiv aplaz iech selwer ëmmer erëm Leed ze don an op déi aner ze klappen...... A fir dann och nach dat Wuert Deontologie an d’Spill ze brengen...... Aua!!!
-
Yuppy08.07.2023Wann een héiert, dat Leit scheinbar kee Printer hunn... awer dann all Joers den neitsten Handy. Och d’Argument matt de Cartouchen weist, wéi wäit d’Leit denken. Da kaaft iech en anstännege Laserprinter, dann hutt der dee Problem net. An op d’laang Weil gëtt et och méi bëlleg wi mat äere Wegwerfprinteren. Et muss een sech och mol bessen informéieren ier een egalwat keeft.
-
NONDIKABES08.07.2023... an dat ganzt ouni Stadion.