FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Quad op der Kopp zu Déierbech
Photo: andras kare
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Knadderhary12.04.2023ENGLAND, ENGLAND you are the Best, Congratulations.
-
BAARTJANG12.04.2023Ech sinn zenter menger Jugend Member an enger Partei an muss 4,5 Joer schaffen bis Pension. Also wann ech emmer hätt missen demissionéieren wann mir eppes net passt oder ech den Wellen net gedoen kréien..... ech bleiwen leiwer an soen hinnen d‘Meenung an streideb. Fortlaafen ass keng Optioun.
-
KNOUTERBATTI12.04.2023Kouhandel am Zäitalter vun der « politically correctness »...😩
-
Enn_Letzebuerger12.04.2023ech hoffe jo dass all déi, déi der Joghurtsfabrik deen ze héige Waasserverbrauch vierhaale selwer nie ee Joghurtsdëppchen doheem am Frigo hun. Oder ass et eng aaner Saach wann d'Waasser daat fier aere Joghurt, Waïsse Kéiss, Kachkéis , asw. gebraucht gëtt am Ausland, verbëtzt gëtt. Emmer Faï nom Motto "et ass jo nët bei eis" also ass ët nët wichteg.
-
Emmer daat selwecht12.04.2023Ech kann nëmmen eng Fro stellen: sinn et net d'Schoulen an d'Crèchen déi d'Haaptursaach fir déi méi schlecht Zuelen sinn, direkt oder indirekt? Eigentlech gëtt et just eng Plaz hei am Land, wou praktesch all Dag Zéngdausenden (!!) vun Leit op enkem Raum zesummekommen: Crèchen, Précoce, Grondschoul, Lycée a schlussendlech Uni!
-
Egalwat12.04.2023A Wierklechkeet ass et vill méi wéi 4,2% ... et brauch ee nëmmen d'Präisexplosioun an de Supermarchéen ze kucken ... do gëtt et Saachen déi ... 30% ... 40% .. 50% .. an d'Luucht gaange sinn ! Sou Artikelen ... déi ginn dann ganz einfach net méi kaaf !
-
Iddefix12.04.2023Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.
-
den Trellert12.04.2023Lues a lues get d’Loftblos méi déck an dann platzt déi wei iwerall an Europa... effet a retardement mat direkter Konsequenz.
-
Iddefix12.04.2023Op kommunalem Niveau hun ech iwerall, wou LSAP um Ruder as, d'Erfahrung gemach, dat et sech ëm eng Kuckerte - oder Etüdepartei handelt. Op all lokal wichteg Fro, gët geäntwert, mir kucken emol resp. mir machen emol eng Etüd. Esou kënnt duerno, näicht eraus!