FOTOEN - Tëscht Ëlwen an Kléngelscheier
Auto rennt an Passagéierschëff
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Elo_awer10.04.2023Oh jo, besonnesch am Stroosseverkéier mierkt en dat. Déi Schëlder virun den Tunnellen z.Bsp., wou 90 drop steet, absolut schwiereg ze liesen. Mä esouguer déi Stricher op der Strooss, wou Foussgänger driwwer gin, iwerfuerderen schon vill Leit, si bleiwen einfach mam Auto drop stoen. Och dat Kräiz op der Strooss, dat eigentlech bedeit, dass déi Plaz soll fräi bleiwen (siehe virum Pescatore), och dat ass schon zevill ! A wann en dann d'Kommentaren am Fratzebuch liest, op RTL oder Essentiel, schrecklech ! An d'SMS-Sprooch eréicht, Wahnsinn. Mä gutt, wéi hat den Einstein schon gesoot ? Jo, Där wësst et bestëmmt ! Ech wenschen é wonnerschéinen Dënschdeg ! Ah jo, ech fannen, dass en net sollt "studéiert" Léierpersonal an Quereinsteiger géint eneen ausspillen. Déi Mëschung vun geléierten Saachen op dé'er enger Säit an Liewenserfahrung (z.Bsp. Hausfraen a Mammen, déi nees wëllen schaffen) kann durchaus eppes brengen. An et ass, wie an all aneren Beruff och: Et gëtt ganz gutt Leit an et gëtt schwaarz Schof.
-
Majo_secher_dat10.04.2023Wéini seet Mme Ministesch emol selwer eppes? Si wees dass daat do falsch also illegal war. Si scheckt hiren Conseiller, daat seet genuch. Ech denken déi Affär get einfach ausgestan an et kennt näischt un si. Politik eben.
-
Virwatnet10.04.2023Meng Fro…… Wien ass dann hei gefrot gin. ????? Nemmen just dei dei Alkohol konsumeiren ????
-
De_Popst10.04.2023Ouni elo héi eng Meenung ze artikuléieren iwwert Impfpflicht, Fake News, Radikaliséierung, erstaunt mech Ausso vum Här Wies. Hien wonnert sech indirekt doriwwer wann 2 Députéierter eng Plainte maan géint een Journalist, wann den sie beim Numm nennt a sie als "nidderträchteg Knaschtsäck" betitelt. Also ech fannen do ass awer ganz wuehl eng Grenz iwwerschrat an et ass normal, dass déi zwee dogéint virginn. Ech fannen dat iwwerdems een absoluten No-Go fir een Journalist.
-
LuxTroll10.04.2023Dat gleeft jo kee Mënsch dass et net méiglech ass fir esou eng Autorisatioun séier ze kréien. Mir ginn dach ëmmer am Ausland domadder un dass d'Administrativ Schrëtter hei zu Lëtzebuerg esou séier ginn. D'Joer huet dach eréischt ugefang. An elo séier!