FOTOEN - Tëscht Biwerbaach an Wandhaff
Walz rennt an Sonneblumm
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
donquijote20.02.2023Ouni Plang vum Architekt, baut keen en Haus. Ouni Plang, keng Cité! Ouni Plang, keng Vakanz! Wann d'Santé net plangt, da kënnt jiddereen mat senger Software geschäert, an da foiréiert et! Hunn déi puer Apdikter am Land, dann all déi selwecht Software? Wann d'CNS do net eenheetlech Richtlinnen huet a rausgëtt, da kéint se net ofrechnen. Sou einfach ass et. Souguer am private Beräich muss de Staat sech duerchsetzen, fir net all partikular Interessen entgéint kommen ze mussen. Ass dat en Abroch an d'Fräiheet, fir datt dat Ganzt funktionéiert? No eenheetleche Reegelen? Wéi ass et da mat den Dokteren, déi ugestallt sinn? Sinn dat dann nach Fräiberuffler? Wien interesséiert et? E Spezialist kann sech dach net all déi Apparatur leeschten, déi haut gebraucht gëtt. An déi Doktere kloen? Wien klot eigentlech? Aus wat fir enger konkreter Ursaach? Angscht virum "Plang"? Wann d'Sekretärinnen an doctena d'R-d-V'en net géinge plangen, da géing schonn un der Source näischt méi lafen.
-
Elo_awer20.02.2023Et get nemmen een Skandal!!!!! An zwar dass zu Lëtzebuerg anscheinend sou lues ALLES een Skandal get, egal waat gemaach get, egal waat net gemaach get, egal waat erlaabt get, egal waat verbueden get. Ech sin an d'Ausland geplennert, guer net wäit. An waat gesin ech? Do as d'Mentalitéit nach wéi virun 50 Joer. Fein, manéierlech, Kanner soen souguer moien ouni dass se een kennen, Noperen haalen zesummen, et kann een nach normal schwätzen. Wann hei an enger Strooss een eng nei Fassade mecht, as an 5 Joer déi ganz Stross nei gemaach. Wann ech entreprener wier, géif ech déi éscht Fassade all Stroos gratis maachen. Déi Bornéiertheet, Rechthaberechkeet, deen Egoismus, deen Näid as nemmen just een Zeechen dass et vill ze vill Leit hei am Land gudd geet, oder dass se net wessen waat mat hierer Zäit unzefänken. Dobai gesin der vill mol guer net wéi lächerlech dass se sech maachen... Déi eng Säit get et Politik, déi nemmen un sech selwer interesséiert as, sech selwer luewt an mengt wann et hinnen géif gudd goen wier daat och den Fall bei jidderengem. Dann get et den Kapitalist, deen souwiesou alles duerchgesaat kritt waat en wellt, waat een iwerall gesäit. Dann get et deen éiwegen Nörgeler, deen un allem an jidderengem eppes auszesätzen huet an selwer nie zefridden as. An dann??? Dann get et een wéi den Kiddelschass. Deen keng Loscht méi do drop huet. Deen es saat huet nemmen schaffen ze goen fir dierfen ze wunnen. Deen probéiert mat jidderengem gudd auszekommen. Deen gemierkt huet dass just en groussen Deel vum Bekanntekrees sech dach nemmen mellt wann en eppes brauch... deem et egal as waat enerer denken, deen en Handy vun 2013 benotzt, an Auto vun 15 Joer fiirt mat bal enger halwer million kilometer, an deen et genéisst dass et mengen neien Noperen an Bekannten sch.... egal as!