Photo: Chambre des Députés (CC BY-ND 2.0)

Am Fong war d’Police wéinst engem Abroch geruff ginn, ma wou d’Beamten awer op der Plaz ukomm sinn hu si eng spektakulär Entdeckung an der Wunneng vum Affer gemaach.

Spéit am Owend vum 23. Januar 2024 gouf en Abroch an engem Appartement an engem Appartementshaus op der Place de l’Hôtel de Ville zu Esch-Uelzecht gemellt. Eng Policepatrull konnt de Verdächtegen op der Plaz festhalen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Eng grouss Quantitéit un Drogen a Sue goufen och am Appartement fonnt. Kuerz drop gouf och de Proprietaire vun der Wunneng fonnt an hie gouf och op Uerder vum Parquet festgeholl.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.