Photo: crash71100

An der Nuecht vu Sonnden op Méinde gouf der Police e Falschfuerer op der A6 Héicht Kahler gemellt. Kuerz drop konnt d’Police den Onéierlechen op der Aire de Berchem stellen.

D’Persoun huet sech allerdéngs alles aneschters wei kooperativ gewisen an huet och probéiert per Auto ze flüchte wourop hin et zu enger Kollisioun tëscht dem Verdächtege sengem Auto an engem geparkte Police Won koum. Bei dësem Fluchtversuch gouf awer kee verletzt an der Police ass et och schlussendlech gelongen de Fuerer ze immobiliséieren an ze verhaften.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.