TELEE - De Kontext
Wéi besser d'Gesondheet schützen ouni d'Energiekris ze verdaiwelen? Quo Vadis?
![](/assets/img/kontext_banner.png)
© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Franz Fayot, DP
- François Bausch, nach ëmmer op der véierter Iwwerhuelspuer
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
- Gilles Roth, wor deemols um Voldemort senger Säit
-
Misanthrop15.12.2022Dat ganzt geed en mega flop Ech well kee streit. Sin geimpft an well och mat Leit zesummen sin die net geimpft sim. Mär sin een land a sollen zesummen haalen gin leid déi wellen freihet an mär accepteiren dat mat enger spretz. Ech hun awer och respeckt vun leit dèi angscht hun sech spretzen
-
Josy_Barthel15.12.2022Vill Politiker mussen speidestens elo vill mei 'humble' ginn,an mei op dei normal schaffend/pensionneiert Bierger an Jonker lauschteren,genee do wou deenen hieren Schong dreckt,wann et nit schons ze speid ass. Keen huet alleng d'Wouricht an d'Weisheet gepacht! Mat all deenen Epreuven dei nach kommen waerten,muss all Land erem souvill ewei meiglech Selbstversorger ginn,well an der Pandemie an Finanzkrise huet Globalisatioun hieren 'Bloussen' mussen weisen. Dei eenzeg Aentwert bis elo,et get alles massiv mei deier,opwuel d'Wirtschaft am ralenti gedreint huet an weider am Ament dreint. Eng Fro kennt mer emmer erem an de Kapp: waat ass/sinn d'Ursach(en) vun deenen villen Problemer,an firwaat ginn se net gerecht,nohalteg an demokratesch geleist,vun deenen ,dei dofiir sech wielen geloos hun,weltwait?
-
den_Kneckert15.12.2022Am Idealfall vun 6 Testzentren, muss all Zenter ronn 100.000 leit impfen an der Moyenne. Wann een bedenkt dass jidderen muss 2x geimpft gin sin dat dann 200.000 rdv pro Zentrum. Wann mir dovun ausgin dass een an 6 Meint well duerch sin mam Impfen (Wees et ass extrem optimistesch) dann misst all Zentrum 33.334 leit den mount impfen, 8334 pro woch, 139 pro stonn (bei 60 stonnen pro Woch) bzw bessi mei wei 2 Persounen pro minute. Ass een Sportlechen Tempo, mee mengen dat keint een hin kreien wann natiirlech alles sou leeft wei et soll.
-
Letzpower15.12.2022Top dat do. Zu Bouffer (Bofferding) am CIPA huet Directioun, no 2 Wochen wou mer dierften eis Famill am CIPA besiche goen, net nëmmen nach keng Méiglechkeet geschaaf fir sech an engem Raum mat sengen Léiwsten ze treffen, nee wann een baussen stoe bleift fir mat der Mamm déi op hierem Balkon steet ze schwätzen, da gëtt ee vum Direkter vum Terrain vum CIPA eroof gehäit. An engem Mail un d'Familljen gëtt souguer kloer gesot Famill dierf just vum Parking um direkte Wee zur Entrée fir Wäsch etc. ze bréngen, an dann direkt rëm zréck bei den Auto. ET ASS NET ERLAAPT LÄNGER UM TERRAIN ZE BLEIWEN. Top Directioun vum Servior CIPA vu Bouffer. Schéinen Sonndeg Winandy Claude