Photo: Les Meloures (CC BY-SA 4.0)

Wéi selbstverständlech an einfach alles ass, wann ee fir dat Medium schafft, dat am Léifsten iwwer a mat sech selwer schwätzt.

Wien zu Lëtzebuerg Visibilitéit wëll hunn, kënnt kaum un RTL laanscht. Allerdéngs kann ee sich d’Visibilitéit op RTL net just kafen, an zwar iwwert ee Publicitéitsvertrag mat der IP, mee et kann ee Visibilitéit och einfach esou hunn. Wéi de Luc Marteling.

De Luc Marteling huet vun 2008 un als Journalist fir RTL geschafft a wor do fir d’lescht Chefredakter vum Site RTL.lu. Eng Plaz als Chefredakter hannert engem Site heescht allerdéngs net, dass een op d’Visibilitéit um Site an och op allen aneren RTL Medie verzichte misst. Et heescht éischter, dass een sech selwer iwwerall an de Vierdergrond réckele kann, de Site RTL.lu wéi seng privat Social-Media Säit benotze kann an, firwat och net, och nach Reklamm fir seng eege Bicher maache kann.

De Luc Marteling wor also Gaascht an den Talk-Formater Kloertext a Live Planet People. Hien huet säi Buch op RTL virgestallt, an RTL huet vill weiderer vun de Bicher un deenen de Luc Marteling matgeschafft huet, an déi e mat sengem Verlag publizéiert huet, präsentéiert. Hien huet Fotoe vu senger Terrass aus geknipst, déi bei Meteo-Artikel publizéiert goufen. Hien huet vill lusch Commentairen ageschwat an hien huet Artikel um Site a sengem Numm publizéiert - oder och ënnert der stylescher Ofkierzung „LM“.

Aal Gewunnechten

Mëtt 2019 koum de beruffleche Wiessel fir de Luc Marteling. Wéi RTL.lu frësch aus dem Regierungsrot gemellt huet, ass den eegene Chefredakter fir deen neie Posten als Direkter vum Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ausgewielt ginn. E Wiessel an der Karriär bedeit fir de Luc Marteling awer kee Wiessel bei der Visibilitéit.

De Luc Marteling sëtzt weiderhin a Kloertexter, ass Gaascht am Live Planet People, Bicher vu sengem Verlag ginn nach ëmmer reegelméisseg op RTL virgestallt. Hien knipst Fotoen, déi da bei Meteo-Artikel publizéiert ginn oder och bei Reportagen iwwer Paangecher. RTL publizéiert sou zimmlech alles, wat den ZLS der Welt matdeele wéilt, gären och mat exklusiv-Interview mam Luc Marteling - freet sech, wien do wien als éischt ugeruff huet. An de Luc Marteling publizéiert weider Artikel um RTL.lu Site a sengem Numm… Moment, de Luc Marteling huet nach ëmmer Accès op de Site rtl.lu? Natierlech net. Oder? Et ass ee mysteriéisen Auteur mam Numm „LM“, dee rezent Artikelen online setzt, zoufälleg iwwert dem Luc Marteling säin ZLS.

Wéi praktesch, wann e sech seng Visibilitéit op RTL ganz einfach selwer schafe kann - an zwar egal ob een do schafft oder net.