Photo: floodllama (CC BY 2.0)

Aus engem klenge Gebai huet RTL ee grousst Immobiliegeschäft um Kierchbierg gezaubert.

Opgepasst, wann och dir dësen Zaubertrick léiere wëllt:

Een alt Gemaier an engem klengen Terrain am Stadpark kann een an ee ganze Quartier voller Immobilien a souguer Héichhaiser um Kierchbierg verwandelen. Ouni dobäi e Frang ze verléieren, well bei dësem Trick bezilt de Papa Staat. Also d’Steierzueler*innen natierlech. Normalerweis dierf een Zaubertricks net verroden, mee mir maachen hei eng Ausnam.

Et war emol e klenge Privatsender

Dës Geschicht fänkt u viru laanger, laanger Zäit - am Joer 1937. Kloer, RTL Lëtzebuerg gouf et deemools nach net sou richteg, mee et gouf schonn de Virgänger Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), och als „Radio Luxembourg“ bekannt. Mee loosst Iech dovunner elo net irritéieren – different name, same shit – a virun allem: same mindset. D’CLR war nämlech schonn 1937 eng privat Entreprise mat Profitinteressen, déi sech alles un ëffentleche Sue gekroopt hunn, wat se an d’Fanger kruten. 1937 also keeft d’CLT an der Stad d’Villa Louvigny fir schappeg 3,2 Milliounen LUF (ongeféier 23.000 €). Kloer, Lëtzebuerg war deemools nach ee klengt, wäertloost Lach ouni EU-Institutiounen a Banken, do waren sou Präisser nach hallefweegs normal.

Mee wie laang genuch waart, dee kann de Staat mat Immobiliespekulatioun iwwer den Dësch zéien. 1997 verkeeft d’CLR, déi mëttlerweil CLT-UFA heescht d’Villa Louvigny, wou si bis dohinner hir Büroen an deelweis och Studioen haaten. A wann de Papa Staat de Portmonni opmécht, da kann een uerdentlech rop goe mat dem Präis, souguer iwwer de Maartpräis. D’CLT-UFA verkeeft d’Villa Louvigny fir 951 Millioune LUF, also den 300-fache Präis, un d’Banque Centrale du Luxembourg, eng staatlech Institutioun. Deen iwwerdeierten Deal huet schonn deemools Kritik op sech gezunn.

Mee schlussendlech gehéiert déi staatlech Ënnerstëtzung vun der CLT-UFA zur Staatsräson - och wann dës mëttlerweil zum profitabele Medienimperium ginn ass. Och wann am Lëtzebuerger Staat dee Moment een.t op d’Iddi komm wier, dass et eigentlech net sou gescheit ass, ëffentlech Gebaier un Entreprisen ze verrammschen – fir den nächste Feeler war et schonn ze spéit.

Groussen Terrain…

1973 nämlech verkeeft de Lëtzebuerger Staat een Terrain vu 5 Hektar un déi, déi dee Moment CLT heeschen – ëmmer nach de Mammekonzern hanner RTL Lëtzebuerg. 5 Hektar, also siwe Futtballfelder Terrain um Kierchbierg, deen zu där Zäit nach brooch louch, fir 50 Milliounen LUF (ëmgerechent ongeféier 1,2 Mio Euro). 1973 war Lëtzebuerg zwar ëmmer nach ee klengt Lach, mee de Staat hat seng Pläng vun der Urbaniséierung vum Kierchbierg schonn an Ugrëff geholl. Zanter de 50er-Jore gouf um Kierchbierg ugefaange Gebaier ze baue fir d’Institutioune vun der europäescher Gemeinschaft.

Zum Zäitpunkt vum 5-Hektar-Deal mat RTL ware schonn d’EIB, den europäesche Rechnungshaff an den Europäesche Geriichtshaff zougelooss. Et war also kloer, dass de Kierchbierg u Wäert gewanne wäert, 15 Joer drop huet de Staat Grondstécker um Kierchbierg schonns fir dat 5-facht verkaf. An am Verglach zu de Präisser vun 2020 an der Géigend huet sech de urspréngleche vun der CLT bezuelte Wäert ver-180-facht.

… mat top Lag

Fir dass d’CLT mat dësem Schnäppchen elo net awer nach eemol Spekulatioun bedreiwe konnt, gouf de risegen Terrain just ënner enger Bedingung verkaf: Den Terrain ass eng „zone réservée à destination particuliére de CLT.” Dat heescht konkret, d’CLT, also de Mammekonzern hanner RTL, dierf dësen Terrain just benotze fir selwer do ze schaffen. Keng Immobilie bauen, keng Spekulatioun, kee Profit.

Déi ursprénglech Pläng vun der CLT war et, ee risegt Produktiounszentrum zu Lëtzebuerg fir sämtlech vu sengem europäesche Programmer ze bauen. Mee dëse Projet gouf an der Tëschenzäit ad acta geluecht. Zwar haten d’Programmer aus zum Beispill Holland oder der Belsch nach hir Bréifkëscht zu Lëtzebuerg, produzéiert gouf allerdéngs an de jeeweilegen Länner.

An elo komme mer zu de groussen Zaubertricken. Wéi dat genee funktionéiert huet, kann een iwweregens och an dëser exzeptioneller Recherche vum Land vun 2017 liesen, déi vun enger „Aide d’État cachée“ schwätzen. Mee dat ass méi komplizéiert op Franséisch geschriwwen an si hu mol keng Accidentsfotoen op hirem Site, also liest léiwer hei bei eis weider.

D’Fata Morgana vun der grousser Produktioun

5 Hektar, dat sinn ongeféier 7 Fussballsterrainen. Soe mer mol sou: Souguer wann ee sech e fett Gebai dohinner tässelt, dann huet een nach ëmmer ee risegen… ehm Gaart. An well dee grousse Projet ad acta geluecht gouf, braucht et am Fong just nach ee Bürosgebai.

1988 gëtt d’Haaptgebai „KB1“ gebaut, vu kengem geréngeren wéi dem Star-Architekt Georges Reuter. Komplett aus Glas war dësen Headquarter vun RTL (alias CLT-UFA). Suen fir de Bau hat een zu vrecks, 1987 war ee „Rekord-Joer“ vun der CLT, mat engem Bénéfice vun iwwer enger Milliard LUF. Um Schluss vun der Rechnung huet d’CLT awer fir säin Haaptgebai keng haart verdéngten „eegene“ Suen ausgi mussen. Fir de grousse Bau um Kierchbierg waren 900 Milliounen LUF virgesinn (vgl. Land 05.1988) an d’CLT krut jo e puer Joren duerno beim Verkaf vun der Villa Louvigny 951 Mio LUF vum Staat eran. Dat ass gutt opgaangen.

1991 war de KB1 fäerdeg an RTL ass erageplënnert. Well dat mat deem gigantesche Gaart iergendwéi elle war, huet een op déi 4,8 Hektar Gréngfläch, déi iwwereg bliwwe war, einfach ee Parking gebaut. Wonnerschéin. 1995 koum du mam KB2 ee weidert Gebai dobäi, mat Tëlees- a Radiosstudioen, nees war den Architekt Georges Reuter gefrot. Hei sollte lo, a wesentlech méi klengem Moss wéi an de 70er geplangt, schlussendlech awer richteg Tëleesformater produzéiert ginn, Sitcoms fir den europäesche Marché. De Gaston Thorn, Direkter vun der CLT, hat sech dofir extra Steiererliichterunge vun der Regierung gewënscht - an déi och krut (vgl. Land 05.1988).

Oh nee, mir verléieren eise Medienstanduert

D’CLT ass an deene Joren ëmmer weider gewuess. Allerdéngs net, wéi verschiddener et villäicht romantiséierend duerstelle wollten, als Produktiounsplaz fir Serien an Tëleesformater.

Si sinn gewuess als knallhaart Profitmaschinn, déi elo mat Bertelsmann fusionéiert ass an een eenzegt Zil hat: Profit. An wou louch d’Chance op Profit zu Lëtzebuerg? Richteg, bei den Immobilien. An den 90er an an den Nullerjoeren ass och all Hännes kloer ginn, dass de Kierchbierg voll mat europäeschen Institutiounen ass – elo hat e souguer en Auchan – an een Terrain war elo usech eng Geldanlag mat potentiellem Benefice fir mëll ze ginn. SUEN! Kéint een dach nëmme mat deene 5 Hektar, déi de Staat engem sou grousshäerzeg verkaf hat, iergendeppes Gescheites maachen. Mee merde alors, leider hat RTL deemools jo ënnerschriwwen: „Zone réservée à destination particulière de la CLT.“

Do hëlleft nëmmen eppes: Jéimeren. Kuerz no der Fäerdegstellung vum zweete Georges-Reuter-Prestige-Bau huet et de Responsabele vun der CLT-UFA ugefaangen an de Fanger ze kribbelen, fir dee ganze Buttek direkt nees ofzerappen - an déi 5 Hektar nach bëssen anescht auszenotzen.

Dofir huet allerdéngs e Changement vum Kontrakt gefeelt. An wa Jéimeren näischt bréngt, dann hëlleft menacéieren: Bertelsmann, deene mëttlerweil CLT-UFA an domat och RTL gehéiert, hat ausriichte gelooss, dass RTL jo anzwousch anescht higoe kéint. Lëtzebuerg kéint also säi Medienstanduert verléieren, wann ee sech net bereet erkläre géif, der CLT-UFA mol ee bësse méi Léift ze weisen.

D’Politik, deng Retterin a Frëndin

« Dans le but de consolider et pérenniser la présence de RTL à Luxembourg » gëtt d’Lëtzebuerger Regierung 2009 der CLT-UFA schlussendlech genee dat, wat se wollten. D’Regierung, dat war viru wéi no de Walen 2009 d’CSV an d’LSAP. Virun de Walen war de fir d’CLT-UFA zoustännege Kommunikatiounsminister de Jean-Louis Schiltz. No der Bildung vun der neier Regierung ass hien an den Verwaltungsrot vun der CLT-UFA gewiesselt. Am Koalitiounsaccord vun 2009 heescht et – Iwwerraschung: « [le gouvernement] encourage RTL Group à mettre en œuvre un nouveau projet immobilier au Plateau de Kirchberg ».

Den Dag, no deems d’Koalitiounsofkommes ënnerschriwwe gouf an d’Regierung vereedegt war, gouf och deen neie Vertrag fir den Terrain vun der CLT-UFA ënnerschriwwen. Ganzer 3,2 Hektar vun dem risegen RTL-Parking ginn ëmgewandelt an eng „zone mixte urbaine“. Also quasi puert Geld. Dass genee an der Mëtt nach de fuschneie KB1 a KB2 stounge war net wierklech ee Problem. Déi Dénger vum Stararchitekt hat ee jo mat ë.a. mat staatleche Gelder vum Verkaf vun der Villa Louvigny opgebaut – also fort domat.

Vun tatsächlechen „Medienaktivitéiten“, also der grousser Medienproduktioun um Standuert Lëtzebuerg war do scho laang keng Rieds méi. Déi nei RTL City gouf als Büros-Tierm konzipéiert. Nei opgebaut gouf d’RTL-Headquarter op enger däitlech méi klenger Fläch ganz um Rand vum Terrain. A mam Rescht konnt RTL alias CLT-UFA alias Bertelsmann elo an hirer neier „zone mixte urbaine“ endlech fett Goss maachen.

440 Wunneenheeten, 21.000 Quadratmeter Bürosfläch an nach eemol 4.400 Quadratmeter Gewerbefläch. Dat alles op engem Terrain an den deierste Géigende vu Lëtzebuerg – wat ee Business.