Photo: cometstarmoon (CC BY 2.0)

Eis Redaktioun hat nach keng Zäit déi Meldung z’iwwerpréiwen, mee klickt w.e.g. scho mol op dësen Artikel, en ass spektakulär.

Elteren brauchen dacks staark Nerven, wann se RTL.lu opmaachen. Eng vun den Liblingsnoriichten vun der RTL-Redaktioun sinn nämlech: Schoulevakuatiounen! D’Meldung, dass eng Schoul oder och gären eng Créche huet missen evakuéiert ginn ass een Highlight fir d’RTL Redaktioun - an eng Garantie fir vill Klicks. Dowéinst gëtt an esou Momenter eng journalistesch Anuerdnung an Iwwerpréiwung éischt mol ganz hannen un gestallt an fir d’éischt mol eng knackeg Schlagzeil formuléiert.

Hei e puer Beispiller fir sech ze gruselen:

Eng bei der RTL Redaktioun ganz beléiften, a vu journalisteschen Point-de-Vue hier problematesch Virgoensweis ass et, d’Titel vun Artikelen nodréiglech ze änneren. Den 3. Juli d’lescht Joer titelt RTL mat: „Kanner zu Rouspert blockéiert wéinst Tut mat verdächteger Substanz“ - Puer Stonnen duerno, Update vun RTL: „Verdächteg Substanz zu Rouspert keng „Gefor fir d’Gesondheet““. Et ass deen nämlechten Artikel, deen direkt e puer mol verännert an ugepasst gëtt. Am Artikel selwer bleiwen keng Tracen vun den Ännerungen.

E puer Deeg drop, der RTL Redaktioun war wuel wierklech langweileg dee Moment, hat rtl.lu deen nächsten Schocker parat: „Bomm op Chantier entdeckt - Kanner aus Crèche zu Bouneweg mussen evakuéiert ginn“.

Screenshot: RTL

D’Biller vun zerfetzte Kanner hunn déi Liesend do schonn intuitiv am Kapp, klicken op den Artikel, mee leider nach keng weider Informationen, just extrem onpräzis, a falschgeschriwwen Säz. Knapps zwou Stonnen drop dann: Entwarnung. Den Titel vum RTL-Artikel ännert sech. Elo steet do „Police gëtt Entwarnung: „Bomm“ war just Metallschrott, Asaz zu Bouneweg ass eriwwer“ - wéi wann et net RTL selwer gewiecht wieren, déi als éischt an wuel als eenzeg ëffentlech vun enger „Bomm“ geschwat hunn. Den Text am Artikel ass offensichtlech ënner Zäitdrock séier ugepasst ginn an nach ëmmer onpräzis „Well eng Crèche an der Géigend vum Chantier ass, huet dës misse geraumt ginn, fir d’Kanner an d’Personal net a Gefor ze bréngen. Wéi d’Police matdeelt hat, ass de Chantier, bei deem den Asaz war, direkt beim oder am Stadion..“

Wéi kënnt RTL ëmmer esou schnell un intern Police-Informatiounen? Firwat fënnt d’RTL Redaktioun, dass all éischt Informatioun aus Police-Kreesser direkt als Artikel erschénge sollt? Huet RTL iergendeng Mechanisme fir Informatiounen z’iwwerpréiwen ier se publizéiert ginn? Firwat ginn net op mannst d’Titelen ee bëssi manner sensationell formuléiert? Wéi kann een Medium dat bis zu 15 Mio. vum Staat kritt, fir eng „Mission de Service Public“ z’erfëllen esou schaffe wéi déi sensatiounsgäilsten Boulevardpress?