Photo: Frank C. Müller (CC BY-SA)

RTL steet an direkter Konkurrenz zu anere Medien, déi och op de Verkaf vu Publicitéit ugewise sinn. Do kënnt een och als Chef de l’information alt mol op kreativ Iddien.

Als kommerziellt Medium mécht RTL seng Recetten nach ëmmer haaptsächlech mat Reklammen. Domat steet RTL an direkter Konkurrenz zu anere Medien, déi och op de Verkaf vu Publicitéit ugewise sinn - zum Beispill Publicitéitszeitungen. Huet RTL seng Positioun ausgenotzt fir sech Virdeeler ze verschafen?

De Roy Grotz, sougenannten „Chef de l’information“ op RTL Radio Lëtzebuerg, publizéiert net dax Artikelen op rtl.lu. Wann et dann awer virkënnt, sinn et bal ëmmer entweder „Tëscheriff“ an deenen hien sech zum Coach vun der Natioun ëropstiliséiert an mat Titelen wéi „Um Bidon gerappt!“, „D’Äerm erop gestrëppt a lass“ oder och „E Wénk mat der Scheierpaart“ déi seng Wourechten iwwer d’Politik verzielt - oder et sinn Artikelen an deenen hien säin Insiderwëssen aus der CSV verëffentlecht? Gutt Lienen an der Partei huet hien do nach zanter senger Zäit bei Saint-Paul. Et geet eigentlech ëmmer em déi ganz grouss Politik.

Verwonneren däerf et also schonn, wann de Roy Grotz sech dozou rofléisst, den Job vun engem einfache Mataarbechter vun rtl.lu ze maachen an zwar Pressecommuniquéen ze kopéieren an dorauser een Artikel ze erschafen. Esou geschitt awer Mëtt Dezember mam Artikel „Lutte géint gratis Reklammen an de Boîtte geet lass“, een Artikel deen dann och direkt vun RTL Today an RTL Infos op englesch, respektiv op franséisch iwwersat a publizéiert gouf. De Roy Grotz präsentéiert dem Public hei Informatiounen aus engem Info-Flyer vun der Post andeem beschriwwe gëtt, awéifern sech ab dem 01.01.2024 d’Reegele fir Gratisreklamm an de Bréifkëschten änneren. E Changement, dat de Roy Grotz offensichtlech freet, hie schreift „Et ass eng gutt Nouvelle, fir déi all déi, déi sech reegelméisseg driwwer opreegen, datt d’Bréifboîte mat Publicitéiten a Flyere vun all Zort iwwerleeft“.

De Roy Grotz suergt da wuel dofir, dass déi vun him ausgeruff „Lutte“ mat alle Mëttelen, déi RTL zur Verfügung huet, gefouert gëtt: se fënnt sech prominent am Wocheréckbléck an ass kuerz drop Thema bei engem Micro-Trottoir vun RTL. En Interview mat engem Affekot soll zousätzlech opklären. Also däerf de Maître Jean-Jacques Schonckert, bekannt aus dem RTL Afterwork, nach eng Kéier laang a breet erklären bis dass et souguer den Dan Spogen versteet, wéi den „Müll“ an der Bréifkëscht elo gestoppt gi kéint. Den Affekot notzt Geleeënheet dann och fir an engems een Appell un d’Politik riichten. Déi sollt mat engem Reglement Grand-ducal nach eng Kéier noleeën an méi genee definéieren, wéi eng Reklammen all verbuede sinn. Un dësem Thema ass RTL awer schonn zanter laangen drun a publizéiert ëmmer nees Artikelen, ewéi zB. am September dëst Joer an deem och Walwerbungen vu Parteien am Fokus stinn. E weidert Beispill ass de Reportage op RTL Tëlee Uganks 2022, wou sech am Ëmweltministère déi éischt Iwwerleeunge gemaach goufe, wéi Pabeiersverschwendung an Zukunft reduzéiert gi sollt.

Geet RTL hei einfach als staatlech subventionéierten „Service Public“ sengem Optrag no, d’Bevëlkerung gutt z’informéieren? Et ass allerdéngs net d’Gesetz selwer, mee RTL déi hei eng „Lutte géint gratis Reklammen an der Boîte“ start. Et ass eng Lutte géint Pabeierverschwendung, déi awer de Leit d’Méiglechkeet léisst weiderhi Reklammen z’emfänken. D’RTL Redaktioun hätt de Fokus och drop leeë kënnen d’Leit ze informéiere wéi si sech dann elo uleeë musse fir d’Reklammen ze kréien - amplaz een Affekot vun „Müll“ schwätzen ze loossen a mat Iwwerschrëften ewéi „Finies les publicités gratuites dans les boîtes aux lettres“ carrement Feelinformatiounen ze verbreeden.

De Kär vum Problem ass allerdéngs net en onausgeglachenen Journalismus, mee eben de Kär vum Businessmodell vun RTL. Déi sougenannten „Folder“ Reklamm, also d’Publicitéitszeitungen an de Bréifboîtten, ass zwar iwwer d’Joren kontinuéierlech manner ginn, mee huet dem Ad’Report no 2021 nach ee Volume vun iwwer 5 Mio. € ausgemaach. Firmen, déi elo nach manner Interêt hu Reklammen iwwer Gratis-Zeitunge verdeelen ze loossen, sichen sech een anere Support. Si landen wahrscheinlech beim gréissten Ubidder vu Reklamms-Distributioun am Land: IP, der Regie Publicitaire vun RTL. RTL benotzt also seng staatlech-subventionéiert Marchésmuecht an säin Afloss op déi ëffentlech Meenung fir géint d’Konkurrenz um Publicitéitsmarché virzegoen.