Photo: NASA Goddard Space Flight Center (CC BY 2.0)

Alerte Rouge?

Mam Wieder ass et sou eng Saach, mee elo kéint et fir eist Ländchen nawell wierklech ongemitterlech ginn.

Meteolux kann Katastrophenzenarien net ausschléissen an de CGDIS preparéiert sech wahrscheinlech schonns op laang a schwiereg Asäz.

Bleift w.e.g. doheem an un Ärem Computer fir iech weiderhin op RTL iwwer Updates z’informéieren an Iech vun deenen impressionante Biller aschüchteren ze loossen, déi mir aus enger online Datebank erauskopéiert hunn. Falls der d’Haus awer verloosse musst bleift um Handy a lued iech d’RTL App rof. Et kéint iwwerliewenswichteg sinn.