Photo: Stephen Downes (CC BY-NC 2.0)

De Mann aus Schnéi steet op der Strooss
Kuckt duerch d’Fënster, ganz eleng
E Schal, puer Knäpp, dat gouf him gelooss
An der Hand eng Käerz, seng Aen aus Steng

Geschwë schonn dierf hien hei net méi stoen
Well hie jo Kanner no Kleeder freet
Sou geet dat wann ee mécht wat déi Blo eis soen
Oder méi genau dat wat d’Lydie seet

Wéi ass dat mat de grousse Wäerter
Do gëtt et engem kal em d’Häerz
Moies drëpst d’Waasser vun den Diecher
Alles wat bleift, ee Koup Steng a seng Käerz