FOTOEN - Tëscht Holztem an Sprénkeng
Campingcar rennt an Mirabellebam
Photo: Nadir Hashmi
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kridelech23.02.2024Et konnte Vaccinë entwéckelt ginn, déi eng Erliichterung woren an elo d'Hoffnung duerstellen, datt mer all endlech aus deer Kris rauskommen? Wou d’Spideeler sech fëllen, gëtt awer hei Leit d’Wuert ginn, déi keng Skrupel hunn déi Fräiheetshoffnung ëmzedréinen, an déi keng Grëtz Matgefill weise fir d’Famillje vun deenen déi d’Krankheet net iwwerliewt haten, a kee Respekt weise fir all déi Leit, déi de Kranken hëllefen. Et wir dat mannst wat ee vun all ziviliséirtem Mënsch erwaarde kënnt. Géif jidderee sou denke wéi déi Demonstranten, ounst éierlech Unerkennung vum positiven Impfeffekt an ounst e Minimum u Vertrauen an Dankbarkeet fir d’Medizin an d’Pfleeg, dann hätte mer séier en Zoustand wou kee méi deem anere vertraue géif. Wou d’Zesummeliewe net méi méiglech wir. Mat hirem Verhale schueden déi eng wéi déi aner dem Zil aus der Pandemie rauszekommen an domat äis all deels physesch a psychesch. Dofir wir et méiglech sou eppes souguer aus liberalistesche Grënn ze verbidden.
-
Minettsdap23.02.2024Déi si jo all Direkter gin well se esou gut Handwierker waren an eppes vun deem Beruf verstin ;O) Wann e Patron säin Aarbechter gut bezillt, da kritt en och gut Aarbecht vu GUDDE Leit geliwwert. Wann e schlecht bezillt kritt e schlecht Aarbechter a schlecht Aarbecht! Et läit net un de GUDDE Leit, ma et läit ganz eleng un eisem System an de Betrieber selwer. Kleng Betrieber liwweren ze dat déi beschten Aarbecht, well de Patron do meeschtens mat dobäi as, a wees, wat seng Leit maachen, an e wees déi Qualitéit dann och ze schätzen an ze bezuelen. Grouss Betrieber si jhust um Emsaatz interesséiert, an do passt nun emol en deieren a gudden Aarbechter net dran. De Verglach muss een do zéihen mam Gehalt vum Betriebsaarbechter zum Gehalt vum Patron! E klengt Beispill,....ech hun en Zammermann an der Famill, dee bezillt seng Aarbechter anstänneg, déi Aarbechter sin zefridden, a se liwweren eng Top Aarbecht. Déi meescht sin do am Duerchschnett 25 bis 30 Joer agestallt, an zefridden. Aarbechter zefridden,Patron zefridden,Client zefridden,...wat well ee méi! Ma wann den Aarbechter näischt verdingt, mat Flemm op seng Schaff geht,....wou kann een dann vun deem e maximalen Obwand verlaangen? Zum Gehalt vun de Patroen,....wann ech als Client muss 2 Méint schaffen, fir déi Aarbechten ze bezuelen, déi en Handwierker bei mir an 2 Deeg mècht, da stellen ech mir schon emol meng Froen! A wann ech dann dobäi kucken wat seng Leit verdengen, an ech muss bezuelen, da muss ech mech jo em dem Patron seng Zukunft net suergen! GUT Leit gin et iwwerall, an déi fennt een wann een dee néidegen Respekt virun hinnen huet!!! Gudd Nuecht
-
HeiMengMeenung23.02.2024Méi schnell ewéi 30 Kmh durch eng Uertsachft , ze fuehren ass net verantwortlech vis a vis vunn onsen Kanner !!!! Ee Gesetz muss kommen , daaat seet 30 KmH geht dur , ann wann dann een erwescht get och Konsequenzen droen ann bezuehlen..... Ech hunn elo 71 Joer an fuhren elo geschwenn 60 Joer Auto !!!!
-
Knueterbatti23.02.2024Alt erem vill panick
-
Gaardebounen23.02.2024Ganz ganz super, well awer een besschen mei deitsch an franseisch Musik heieren
-
Misanthrop23.02.2024D'Garde parallèle fonctionneiert perfekt an et sin 1/3 mei Leit all Dag an der Urgence? Ursprünglech war dei Garde parallèle vun der Mme Mutsch "erfonnt" gin, fir dass manner Leit pro Dag pro Spidol an d'Urgence komme sollen, fir dass d'Wardezeiten erof gin. Et kann also keng rieds sin dass alles perfekt klappt. Au contraire, d'Problemer an den Duercherennen gi just nach mei grouss. Mei Leit dei an d'Urgence kommen, parallel gin awer maisons médicales finanzeiert an Dokteren bezuelt fir do Permanence ze maachen während dei am Spidol mol einfach onbezuelt duebel sou vill Garden mussen maachen. D'Personal op de Stäck schléit de Kopplabunz well elo all Dag vill Admissiounen sin, ouni dass nëmmen 1 Persoun mei Personal zur Verfügung steht. Et as eng Katastroph.
-
agentorange23.02.2024Kucke mir dat dach emol ganz nüchtern - 100.000 Milliounen bei enger Staatsschold vun 1.41 Milliarden ass dat eng Drëps op de waarmen Steen - sou oder sou muss jiddereen an Zukunft de Rimm uerdentlech festzéien.