Photo: born1945 (CC BY 2.0)

Alerte Rouge (aucun souci)

Den Donneschde wäert een Orkan mat schätzungsweis 200km/h iwwert eist Land blosen. Et gëtt viru staarkem Reen an Iwwerschwemmunge gewarnt.

Eng besonnesch Gefor wärend sou Wiederphenomener geet awer vun sou genannte Klimaaktivisten aus, déi behaapten, dëst Wierder a potenziell Doudeger géife vun de Mënsche selwer verursaacht ginn. Begitt Iech also op kee Fall an d’Géigend vun dëse Priedeger vun der Apokalyps a vermeit och online all Kontakt.

Maacht amplaz dovu léiwer e Puer Schrëtt virun d’Dier a wann Der beemol bis zur Hëft am Waasser stitt, genéisst dach dës Schwammlektioun. Wann alt eemol ee Bam fält, einfach bécken. Ee ganz normale Summer wéi et ëmmer scho war.