Photo: Brian Sloat

Alerte Verte

D’Wieder zu Gréiwemaacher kéint dëse Weekend extreem roueg bleiwen. Miessungen hunn erginn, dat et ausser e puer méigleche Wolleke keng weider Beweegung um Himmel ginn dierft.

Meteolux recommandéiert sech virun der Driipsegkeet a Sécherheet ze bréngen an d’Haus net ze verloossen. Fënstere sollten zou an d’Rolllueden erof bleiwe fir ze vermeiden, datt ee Bléck op dës geféierlech a virun allem immens langweileg Lag geheit gi géif.