METEO - Meteolux mellt
Frëschen Äiszapp
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 20:04 bis 02:28 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Neckel300005.06.2023Vun de Relioune weess een, wann een déi géing gewäerde loossen, egal vu wou se hier kommen, ganz séier stéing d‘Inquisitioun erëm virun der Dier; eng Inquisitioun, déi verschidde radikal Formen unhuele kann. Mat de politeschen Iwwerzeegungen, ass et do anescht? Wann dann erëm Iddien opkommen, déi ee fir endgëlteg erleedegt gemengt a gehofft huet, da muss een sech natierlech Froe stellen, firwat dat. Beim Duerchbliedere vun der Press, kritt ee schonn d‘Impressioun vermëttelt: Alles vu lénks ass ok; alles vu riets genau sou schlecht an dernieft. Entstinn dann net aus deem radikalen a gären exklusive Muechtusproch Reaktioune bei de Leit, déi mol net verständlech – bis hin, verwerflech -, sinn? Stéisst ee mat der Weltgeschicht net op dat Muster? Iwwregens, wann d‘Assurancë weltwäit mat der Hallschent vun hirem Profit géingen Impfstoffer kafen, - liewen se net vun deenen, déi nach kee Schued hunn -, wier dann dee Probleem net séier weltwäit geléist?
-
Aniwregens05.06.2023Mech irritéieren dës Aussoen vum Här Clement komplett! Sinn d'Piraten elo déi Super-Gréng? Mengen d'Piraten tatsächlech, datt mat 150 Euro den Mount iergendeppes kéint kompenséiert ginn? Wéi wëllen d'Piraten dann d'Grundlast un Energie hei am Land garantéieren? Mat Wand oder Solar? Wann den Här Clement mengt, datt d'Leit den Tankrabatt mat den eegene Steiergelder subventionéiert hätten, dann gëllt dat och fir déi vun den Piraten proposéiert 150 Euro den Mount. En fin: denkt den Här Clement schonns un eng Regierungsbedeelegung 2023?
-
agentorange05.06.2023Oh jo, besonnesch am Stroosseverkéier mierkt en dat. Déi Schëlder virun den Tunnellen z.Bsp., wou 90 drop steet, absolut schwiereg ze liesen. Mä esouguer déi Stricher op der Strooss, wou Foussgänger driwwer gin, iwerfuerderen schon vill Leit, si bleiwen einfach mam Auto drop stoen. Och dat Kräiz op der Strooss, dat eigentlech bedeit, dass déi Plaz soll fräi bleiwen (siehe virum Pescatore), och dat ass schon zevill ! A wann en dann d'Kommentaren am Fratzebuch liest, op RTL oder Essentiel, schrecklech ! An d'SMS-Sprooch eréicht, Wahnsinn. Mä gutt, wéi hat den Einstein schon gesoot ? Jo, Där wësst et bestëmmt ! Ech wenschen é wonnerschéinen Dënschdeg ! Ah jo, ech fannen, dass en net sollt "studéiert" Léierpersonal an Quereinsteiger géint eneen ausspillen. Déi Mëschung vun geléierten Saachen op dé'er enger Säit an Liewenserfahrung (z.Bsp. Hausfraen a Mammen, déi nees wëllen schaffen) kann durchaus eppes brengen. An et ass, wie an all aneren Beruff och: Et gëtt ganz gutt Leit an et gëtt schwaarz Schof.
-
HeiMengMeenung05.06.2023...wéi stoung an der franséischer Press ze liesen " Wout VAN AERT mi-humain, mi moteur". Dat ass genau beschriwwen wéi den säi Leader Primoz Roglic di läscht (schwéier) Etapp begleet huet, an him domat d'Victoire am Classement général erméiglecht (gesëchert) huet. Den Alex Kirsch huet eng formidabel Impressioun gemaach wärend dem Paris-Nice 2022, wat drop hoffe léist, dass hien optimal däerft préparéiert sinn, vir "Eendagesklassiker" ! Et ass him ze wënschen, dass hien bis dohin, ouni krank ze ginn, oder Verletzung sech weider ka virbereeden...bonne chance gewënscht a mir freeën eis schonn ob seng zukünfteg Coursen an hoffentlech gutt Klassementer ....
-
den_Kneckert05.06.2023Den Certificat fir dei Geheelten as eng Farce. En leeft no 6 Meint of. As een dann erem krank...? Stecht een sech dann erem un, och wann een Antikirper huet, wou den Wert unhaelt, dat ouni Impfung. Leit gin fir Impfung indirekt gezwongen mat eso antimedizineschen Gesetzer.
-
EsouAwerNet05.06.2023Genuch : daat ass bësse jhust Gutt : daat wär ideal Iwwerfiddert : wéi an dësem Fall, ass definitif schlecht