METEO - Meteolux mellt
Äiskalen Klimawandel
Photo: RTL1
Alerte Jaune
Alerte Jaune gëllt vun 01:55 bis 11:41 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Nickla02.02.2023Hätte mier de Pärdsschwanz errëm gud zu Brèissel
-
Duke_of_Lux02.02.2023A wéi wär et dann mat engem Sonderbeoptragten fir eisem Premier a senge Kollegen hieren “ Nepotismus op de Leescht ze huelen an och mol ze kucken wien dann alles Verbindungen zou de Consultingsfirmaen huet déi deier Etüde machen fir eis dat ze soen wat Jidderee weess.
-
Knadderhary02.02.2023Mir sollten mol endlech ons bewosset gin, dass dem Karel de Groussen seng 2 Bouwen ons dee Schlamassel mat dem -Sproochekorridor- bruecht hun. Wéi de Papp dout war, kruut deen een d'Franken-, deen aneren d'Germanenräich. Europa war gespléckt, keen Zweifel. Op de Grenzen tëscht deene Géigenden si Sproochen entstanen tëscht 'purem' franséisch a 'purem' däitsch. Déi Sproochegrenz zitt sech vu Friesland erof bis Tirol. Mëttendran läit ons Regi'oun, wou lëtzebuergesch geschwat gët, och nach an Deeler déi nët méi zu L. gehéiren. An der Belsch gët 'Areler Land a Sprooch' geheemelt, zu Metz gin ët Leit déi de francique mosellan ënnert d'Lupp huelen. Héichdäitsch as ni an deenen 16 Bundeslänner an der BRD geschwat gin, a souwisou sin an alle Bundeslänner eng ganz Rei Dialekter déi entstane sin durch eben déi Grenzzonen tëscht all deene Länner. Jiddefalls hu mer op d'mannst 16 Sprochen an Däitschland, wat elo dann Dialekter sole sin niewt Héichdäitsch. Ok, Moin,Moin du Hamburger a MOIEN du a Friesland. Däitschland wiert sech géngt all Anglizismen durch d'Profen an den Uni'en besonnesch. Dàitsch-stämmech Wieder sin an Amerika den Alldaach: the german angst, the dachshound asw. Hoppla, a Russland heescht de Straubejitzer, halt Iech un: - Parikmachär - Russesch! Wann een alles dat sou bedenkt, reegt een sech manner op a kuckt sougutt wéi méiglech seng Mammesprooch ze verdédegen. Oder se ze léiren well dat ka mol Virdeeler bréngen am Beruff. Ët läit op der Hand: wien aus der Bretagne as an ëmmer zu Plougastel geliewt huet, muss a sengem eegene Land "seng" Sprooch léiren soss kritt hien deem vun Avignon, an der déifster Provence, nix verkaaft.
-
Populiste02.02.2023Liewensqualitéit, wat ass dat iwwerhaapt? Déi, déi elo iwwerall am Quartier kënnen um Vëloswee jauwen, déi soen: Super! Genial! Gëtt dee Wee mat Foussgänger gedeelt, da soen déi: Merde! Do hält da fir béid, eng gewësse Qualitéit op! Eng Spillplaz, déi och dee Numm verdéngt? Wou dach de ganzen Dag di zwee schaffen, an d‘Kanner gutt versuergt sinn. An di Leit, déi ronderëm wunnen, hätte gären hir Rou, net nëmme verdéngt, wann se vun der Aarbecht heem kommen. Wann ech jonk sinn, a selwer kleng Kanner hunn, dann ass meng Welt anescht, wéi schonn 10 Joer méi spéit, wann d‘Kanner beemool aner Interessie manifestéieren, wéi op d‘Spillplaz, am Quartier. Kann ee Liewensqualitéit op laang Siicht veruerdnen? Kommt, mir bauen eis en Duerf *, déi Kéier als Erwuessener. Op mer eis als Erwuessener wuel kéinten eens ginn? Cf. online "Town village" (op D an F)
-
Heemecht_lu02.02.2023Wat hun d'Engläner eng chance ,datt sie daat nët musse mat bezuelen .
-
knadderpit02.02.2023Firwaat zeien se de Jean-Claude Juncker net als Conseiller dobäi ? Dé wées ob jidde Fall mol wei éen d'Banken aus der Schäiss rem zitt En hued dach bestëmmt och idéen fir de Patronat De Problém ass a Bleiwt a wärt och bleiwen datt mir als Biirger rem vergiess gin an drënner Leide mussen. Eis hëlleft kéen. Weivill Häiser stungen no der Finanzkriis zum Verkaaf ? Eis Prêt'e laafe virun de Loun awer dé fällt, do gett net mat der Wimper gezéckt
-
Alles-Quatsch02.02.2023Ech fanen et flott dass och emol Kardiolog am Studio as. War en ganz flotten Reportage well de Mann wees vun waat e schwetzt. Och ganz intressant well iwert de Long Covid geschwaat gin as well daat emer vergiess get. Ech war selwer bei dem Dokter no enger langer Odysee an hien hued mir durch e Medikament zu enger neier Liewensqualitéit verholef . An daat an enger ganz schwacher Dosis. Esou Dokteren gin et der net méi vill.
-
Letzpower02.02.2023Ech sinn zenter menger Jugend Member an enger Partei an muss 4,5 Joer schaffen bis Pension. Also wann ech emmer hätt missen demissionéieren wann mir eppes net passt oder ech den Wellen net gedoen kréien..... ech bleiwen leiwer an soen hinnen d‘Meenung an streideb. Fortlaafen ass keng Optioun.