METEO - Meteolux mellt
Bedeckt Héichdrockgebitt
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 11:13 bis 13:44 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Virwatnet21.01.2023Mir sollten mol endlech ons bewosset gin, dass dem Karel de Groussen seng 2 Bouwen ons dee Schlamassel mat dem -Sproochekorridor- bruecht hun. Wéi de Papp dout war, kruut deen een d'Franken-, deen aneren d'Germanenräich. Europa war gespléckt, keen Zweifel. Op de Grenzen tëscht deene Géigenden si Sproochen entstanen tëscht 'purem' franséisch a 'purem' däitsch. Déi Sproochegrenz zitt sech vu Friesland erof bis Tirol. Mëttendran läit ons Regi'oun, wou lëtzebuergesch geschwat gët, och nach an Deeler déi nët méi zu L. gehéiren. An der Belsch gët 'Areler Land a Sprooch' geheemelt, zu Metz gin ët Leit déi de francique mosellan ënnert d'Lupp huelen. Héichdäitsch as ni an deenen 16 Bundeslänner an der BRD geschwat gin, a souwisou sin an alle Bundeslänner eng ganz Rei Dialekter déi entstane sin durch eben déi Grenzzonen tëscht all deene Länner. Jiddefalls hu mer op d'mannst 16 Sprochen an Däitschland, wat elo dann Dialekter sole sin niewt Héichdäitsch. Ok, Moin,Moin du Hamburger a MOIEN du a Friesland. Däitschland wiert sech géngt all Anglizismen durch d'Profen an den Uni'en besonnesch. Dàitsch-stämmech Wieder sin an Amerika den Alldaach: the german angst, the dachshound asw. Hoppla, a Russland heescht de Straubejitzer, halt Iech un: - Parikmachär - Russesch! Wann een alles dat sou bedenkt, reegt een sech manner op a kuckt sougutt wéi méiglech seng Mammesprooch ze verdédegen. Oder se ze léiren well dat ka mol Virdeeler bréngen am Beruff. Ët läit op der Hand: wien aus der Bretagne as an ëmmer zu Plougastel geliewt huet, muss a sengem eegene Land "seng" Sprooch léiren soss kritt hien deem vun Avignon, an der déifster Provence, nix verkaaft.
-
Verstinechnet21.01.2023Firwat gitt der da lo all sou rosen ? wéivill vun deenen, déi lo su haard hei jäitzen, klappen haerno op den snct wann se an enger langer Waardeschlang musse stoen, ebe just well all di contrôle mussen nogeholl ginn. Rechend dat mol op 3 bis 4 Méint aus. wann dat serieux no de Virgaben ofgeweckelt gett (Distanzen asw) misst dat dach machbar sinn.
-
meteomann21.01.2023Dass dat do net ärem eng Loftnummer vun Gambia gëtt. Am RTL Sujet vum legalen Kader vum Space Mining an dem Avis vum Staatsrot kéint een d'Gefill kréien eis Supertrupp ass mat béiden Féiss an den Spacemining-Pull gesprongen ouni do deck nozedenken, huet sech eppes oprieden gelooss wat mir ärem generéis finanziell ënnerstëtzen an wann et herno eventuell zu engem Rendement kéint kommen, da stinn déi aner Natiounen an der Rei an wëllen hier Part vum Kuch kréien.. Ausser et hätt een sech do wierklech ofgeséchert, mee dann kann ech mir d'Sach vum Staatsrot net erklären.
-
den_hexemeeschter21.01.2023Dee Mann do huet eng éierlech Sprooch geschwat, an gleichzeitech Wéer opgezeechent, déi een kennt eventuell an Sachen Verméigenssteier goen ouni ons Gesellschaft komplett op d'Kop de dréien. Waat eng agréabel Dusch am Verglach zum Beispill mam Här Gilles Hempel vun der Agence Immobilière Sociale sengem Beitrag, déi vun Radikalitéiet nemmen esou gestrotzt hun. En "Coup de Chapeau" fir den Här Guy Heintz, deen net gär alles futti mecht wat Generatiounen vun Letzbebuerger opgebaut hun.
-
donquijote21.01.2023Den Här Bettel soll lo net de Ball erëm ofgin, wéi hien daat jo gären an verschidde Situatioune mécht. Wann d'Leit sech dann impfen loossen, ass eng ganz schwaach Approche. Ech sin iwwerzeegt, dass wéinenstens 60% vun der Bevëlkerung impfen loossen. Mee wéini, daat entscheed eis Regierung jo ganz alleng matt hirem Verschleefen. Ze spéit bestallt, net genug bestallt, keng Eegeninitiativ, an alles d'EU machen loossen. Ganz schwach.
-
Maxximal21.01.2023... an dat ganzt ouni Stadion.
-
donquijote21.01.2023Affekotin, Gemengerot, Staatsrot, Chamber, Ministesch.... Feelt nach just Grand-Duchesse!
-
Matbierger21.01.2023Ech fabuléieten dem Här Reding séng These dass d'Comparution immédiate an F keng ofschreckend Wierkung erzielt, déi normal Prozesser viru Geriicht oder aaner Stroofen hu jo dann anscheinend och keng ofschreckend Wierkung, oder wisou landen esouvill Dossierën do?