Photo: Travaux Publics

Wien op der Sich no enger klenger Wanteraventür ass, dee kann dat um Internationale Wanter-Velopendlerdag ganz praktesch doheem starten.

Hutt dir schonn engkéier dervu gedreemt, mam Vëlo den Tour ronderëm d’Welt ze maachen? Mat 300 Bols an déi éischt Kéier ran vun der Alpe D’Huez a sech fille wéi de Charly Gaul; den Drotiesselwaassertüchteg maache fir mat Delfinen an den USA ze schwammen oder Fotoe maachen an Afrika mat Kanner an deem Vëlo, deen dir hinne lo wäert gudden Häerzens spenden (a kënnt vun de Steieren ofsetzen!).

Wiem dat alles en Ticken ze abenteuerlech ass, dee kann haut och mat engem klenge Gest ufänken: mam Vëlo op d’Schaff um internationalen Winter-Fahrradpendlertag.

Falls dir elo den optimale Vëloswee fir op d’Schaff sicht, awer kee fannt, da läit dat net un ärer Kapazitéit, Kaarten ze liesen: d’Chancen si grouss, datt et de Wee nach net gëtt. Mee, wéi heescht et sou schéin: Wo ein Wille ist, ist auch ein Weg.