Photo: daveoratox (CC BY 2.0)

Ëmmer méi beléift ginn dës praktesch kleng Geräter: Camcorder dokumentéieren den Alldag vun de Mënschen.

Wien kënnt et net? Et ass een ënnerwee an et erlieft een eppes Onmoosseges… an zack ass et schonn eriwwer. Merde, dat wäert elo keen engem gleewen. Ob fir Sextapes, en Ausfluch mat der Famill oder eng groussherzoglech Hochzäit, Camcorder erlaben engem aussergewéinlech Momenter festzehalen.

Dowéinst schwätze mir haut um Dag vun de Camcorder iwwer dës praktesch kleng Wonner vun der Technik. Wei oft een einfach sech déi al DVDen ukuckt a freet iwwer d‘Opname vum Ballet wou een e Kand war, oder vun dem Gebuertsdag wou den Hond bal de Kuch iesse wollt, oder wou jiddereen an der Famill sech seng witzeg Clownsnues ugedoen huet.

Erënnerungen, déi ni verginn. Bezéiungsweis sou laang bestoe bleiwen, wéi et nach DVDen ginn.