LIFESTYLE - 1. Januar
Eng Sauerei: Haut ass den Dag vum Glécksschwäin
Photo: Public Domain
Männer si Schwäin – Glécksschwäin! Den haitegen Dag ass den Dag vun de Glécksschwäin an ass dowéinst eigentlech och den Dag vun de Männer.
Gléckwonsch, léif Männer! Männer kann een net genuch feieren. Si si rücksichtsvoll, sensibel an hale sech fir eppes Besseres. Si loossen een ausschwätzen a räissen d’Wuert net u sech a virun allem sinn se ni opdränglech. A wann een eppes weess, erkläre si et engem. Sou vill Hëllefsbereetschaft ginn an eiser Gesellschaft ëmmer méi sielen. A wann ee mol ee bloe Fleck guet, dann entschëllegen se sech souguer an hëllefe mat, en e bësse mat Pudder ofzedecken an alles ze verstoppen. Kloer Saach: Wien ee Mann doheem huet, huet ee Glécksschwäin. An dësem Sënn: Happy Glécksschwäindag.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
Hei ginn et nach keng Commentairen.