Photo: Waldemar (Pexels)

Wann een näischt Spektakuläres ze mellen huet, da spekuléiert een eben. De sechsten Artikel an eiser Kategorie iwwert den RTL-Sproochgebrauch.

Journalist*innen hunn et dacks net einfach. Et huet een net genuch Quellen, net genuch Zäit fir Recherche an da soll den Artikel awer méiglechst spektakulär si fir vill Klicks ze generéieren. Heiansdo hëlleft da just Behaaptungen an de Raum stellen. Well dat journalistesch awer net sou ganz korrekt ass, muss een déi Behaaptungen da sproochlech sou faassen, dass herno awer trotzdeem kee Mënsch behaapte kann, dass et sech ëm eng Falschmeldung handelt.

Well spektakulär och meeschtens ganz spekulativ heescht, kann ee Vokabular asetzen, mat deem een dat da relativéiert, zum Beispill doduerch, dass een eppes als „onwahrscheinlech“ bezeechent, an domat ebe grad déi entspriechend Virstellungen zum Géigestand vun der Meldung mécht. Hei ee Beispill: „Datt den IS awer och mat Organer soll handelen, wier éischter onwahrscheinlech“ schreift RTL - zack, schonn huet een e Bild vum net-ganz-auszeschléissenden IS-Organhandel am Kapp. E weidert Beispill: „Déi zoustänneg Präfektur huet déi bluddeg Dot als ee kriminellen Akt bezeechent. Een terroristeschen Hannergrond wier éischter onwahrscheinlech, heescht et vun den Enquêteuren. Et huet sech wahrscheinlech ëm een Eenzeltäter gehandelt“. Firwat bréngt een Informatiounen, wann se vun der Quell, déi een huet, als „éischter onwahrscheinlech“ bezeechent ginn? Hei geet et ëm eng Spekulatioun, déi ebe méi interessant ass, wéi déi eigentlech Informatioun.

D’RTL-Journalistin Céline Spithoven mécht et spannend

Enger Journalistin huet d’Riedewendung „éischter onwarscheinlech“ et awer besonnesch ugedoen. D’Spill mat der Fantasie vum Méigleche schaaft an den Artikele vum Céline Spithoven an all Situatioun déi richteg Stëmmung, op et elo ëm Héichwaasser „Et wier éischter onwarscheinlech, dass d’Musel elo nach esou héich klëmmt, dass d’Waasser bis un d’Haiser kënnt“, ëm ee Mann deen iwwer 8 Joer all Dag Disneyland besicht „Dass ee säi Weltrekord brécht, hält de Mann fir éischter onwarscheinlech“ oder och ëm Puppelcher mat gesondheetleche Problemer geet „Dofir steet de Matteo elo op der Waardelëscht fir an eng Inklusiounscrèche. Ob de Matteo do wierklech opgeholl gëtt, ass awer éischter onwarscheinlech“. Nach net spektakulär a spekulativ genuch? D’Céline Spithoven kann nach méi an huet des zwou Pärele vum RTL-Journalismus produzéiert:

Iwwert d’Kollisioun vun zwee Fligeren uganks dëst Joer zu Tokio huet sech RTL wuel geduecht, dass sech dee ganzen Drama nach ze vill wäit ewech uspiert. Wéi suergt een also als Medium dofir, dass d’Leit sech méi betraff an a potentieller Gefor fillen? Richteg, et schéckt een d’Céline Spithoven fir ee Reportage op de Findel. Eraus kënnt den Artikel mam Titel: „Virfall wéi a Japan: Méi wéi ee Fliger op Landebunn zu Lëtzebuerg éischter onwarscheinlech“. Voila, schonn hutt der d’Biller vum Flameninferno um Findel am Kapp, gell? Et geet awer nach méi domm: De Loïc Juchem an d’Céline Spithoven ware sou gutt an der Mathé, dass se eigentlech net hätte bei RTL schaffe goe missten, si sinn nämlech op follgend Erkenntnis komm: „D’Geschäft mam Glécksspill: Am EuroMillions gewannen ass éischter onwarscheinlech“. Domat wollten d’RTL-Journalist*innen vläit do virdrunner warnen, dass d’Gewënn-Chancë fir bei Euromillions ze gewannen bei 1 zu 140.000.000 stinn, amplaz dës Zuel ze nennen, entscheeden si sech awer fir den Ausdrock „éischter onwarscheinlech“. Dass dat de Leit d’Méiglechkeet liwwert hier Chancë realistesch anzeschätzen ass … éischter onwarscheinlech.

Éischter net sou gutt recherchéiert

D’Wuertkombinatioun „éischter onwarscheinlech“ gëtt op RTL awer net just genotzt fir mat de Virstellunge vun dem Public ze spillen, mee och an der knallhaarder politescher Analyse. Hei geet et drëms ze weisen, wéi professionell an treffend RTL déi politesch Lag anuerdne kann. Esou schreift d’Maxime Gillen iwwer d’Walresultater am November 2019 a Spuenien: „Dat rietst Lager kritt definitiv keng Majoritéit beienee, an déi lénks-geriichte Parteien bleiwen därmoossen zerstridden, dass eng Allianz onméiglech ass. Bis op eng Minoritéits-Regierung, déi vun de Regional-Parteien toleréiert gëtt, mä och dat ass éischter onwahrscheinlech. Dir däerft roden, wat duerno geschitt ass.