Photo: superscheeli (CC BY-SA 2.0)

„RTL-Informatiounen no“ ass een Ausdrock mat deem RTL op der enger Säit seng Quelle schützt an op der anerer Säit versicht sech selwer als d’Quell duerzestellen. Wichteg Aspekter vu journalistescher Aarbecht verbannen sech hei mat Selbstduerstellung.

Wat ass da w.e.g. eng „RTL-Informatioun“? Huele mer mol ee Beispill: „RTL-Informatiounen no gëtt de Michel Scholer den neie Chef de Cabinet“, eng typesch Headline vun RTL. Nieft dem eigentlechen Informatiounsgehalt geet et RTL mat esou enger Formulatioun dorëms Reklamm fir sech selwer ze maachen. Am richtege Journalismus géif dat nämlech normalerweis esou oflafen: ee Medium huet eng Informatioun krut an déi och verifizéiert, mee krut dës Informatioun verbonne mat dem Wonsch, dass d’Quell net genannt gi sollt. Et ass dann um Medium trotzdeem sengem Public d’Méiglechkeet ze ginn, d’Quell aschätzen ze kënnen. RTL hätt zum Beispill am Text vu senger Meldung formuléiere kënnen „Wéi RTL aus den ieweschte Parteigremie bestätegt krut“ oder „Wéi RTL aus dem direkten Ëmfeld vum Premierminister confirméiert krut“. Mee mam Begrëff vun der „RTL-Informatioun“ stréckt RTL léiwer um Mythos vum Medium, dat als éischt, exklusiv an duerch professionell Investigatiounsaarbecht un Informatioune komme géif.

Dat ass awer net esou. RTL huet duerch seng Monopolstellung am Land ee Poids, deen him et erméiglecht direkten Uspriechpartner fir d’Politik ze sinn. Huele mer d’Beispill vu Meldungen, déi de Roy Grotz, Chefredakter vum Radio, esou publizéiert huet:

Hei ass ze mierken, dass de Roy Grotz offensichtlech iwwert een direkten Drot an d’CSV-Spëtzt verfüügt, iwwert deen hien Informatiounen zougespillt kritt. Allerdéngs kritt de Chef-Redakter vum Radio dës Informatiounen wéi et schéngt ëmmer kuerz ier dass se souwiesou public sinn. Et ass eng Win-Win Situatioun fir RTL an d’CSV: RTL kritt d’Klicks, wierkt wéi wann hei investigativ geschafft gi wier an ass méi séier wéi d’Konkurrenz - an d’CSV kritt scho mol eng Headline an déi gewollten Opmierksamkeet. Am Beispill vum Bekanntmaachen vun der Spëtzekandidatur vum Luc Frieden Enn Januar lescht Joer heescht dat, dass RTL weider Artikelen brénge an domat d’Thema eng Woch laang an Diskussioun hale konnt, mat Teaseren wéi „De Spëtzekandidat schéngt ze stoen“ sou dass d’Bestätegung vun der „Rumeur“ dann als Climax kënnt.