Photo: Marco Verch (CC BY 2.0)

Een Ausdrock huet RTL an de lëschte Joer nawell eng sëllege Kéier benotzt.

Sief et ee „Schwéiertransporter gëtt duerch Réimech manövréiert“, „Hoergänsen migréiere Richtung Süden“, „Schwanger Fra mat Messer menacéiert, e Mann hat randaléiert“, „Päerd a Kéi hunn d’Stroossen zu Lëtzebuerg um Dënschdeg de Moien onsécher gemaach“, „zu Munzen um Dag vum Ardennerpäerd“, „Massekläpperei tëscht zwou Drogebanden zu Dijon“, oder „Schueberfouer um Glacis an der Stad“ – an all deenen Artikel ass „Eng méi lass“. En universellen Ausdrock fir ze emräissen wourems et genau geet.

Dir hutt verstaanen wéi déi journalistesch Aarbescht vun RTL funktionéiert? Dann ass et elo un Iech! Hei ee klenge Test.

Verstidd Dir RTL?

Zu Iechternach war de Weekend eng méi lass. Wat war lass?

  • Eng Messerpickerei mat 3 Verletzten
  • Vitesskontrolle – 17 Permisen op der Platz fort
  • RTL Fuessfiesta: Ambiance am Zelt war onbeschreiflech
  • Et ass nees sou wäit: Sprangpressessioun

Um Eiffeltuerm war déi lescht Deeg eng méi lass. Wat war lass?

  • zwou Evakuatioune wéinst Bommenalarm,
  • zwee alkoholiséiert Amerikaner de Wee fir erof net méi fonnt an d’Nuecht um Eiffeltuerm verbruecht
  • Mann spréngt mam Fallschierm vun der Attraktioun erof

Zu Esch ass dëse Weekend eng méi lass. Wat ass lass?

  • offiziell Inauguratioun vum Bâtiment4
  • Stad Esch lackelt mat enger Rëtsch vu Fues-Evenementer
  • „Smartphone Café“ an Internetfürerschäin fir Senioren
  • De Kleeschen um Escher Krëschtmoart 2017

Op der Aire de Berchem war eng méi lass. Wat war lass?

  • De Pompele war den Diesel ausgaangen
  • Course-Poursuite – Schosswaff fonnt
  • Grouss Erëffnungsfeier mat Animatioun
  • Camion ass um Plaffong vun der Tankstell hänke bliwwen