Photo: Tim Reckmann (CC-BY 2.0)

Sou munch Bankraiber soen hire Matmënschen éierlech d’Meenung. Mee dat wäert se och net retten.

Dat lëschtegt Wuert „Onéierlecher“ gëtt vun RTL nawell dacks an a verschiddenen Situatiounen agesat. Huet RTL hei een neit Wuert kreéiert? Am Lëtzebuerger Dictionnaire, dem RTL-Partner „lod.lu“, ass dëst Wiertche jiddwerfalls net ze fannen. Op RTL.lu ass et awer ëmsou méi dacks am Gebrauch, besonnescht wa Police-Rapporte kopéiert ginn.

Beispiller RTL Headlines:

„1 Persoun mat Droge festgeholl an e puer Onéierlecher ënnerwee“, sou kléngt zum Beispill eng typesch RTL-Headline. Oder, Skandal: „Onéierlechen hat no engem Glas Waasser gefrot“. Wat geet deen un!

Als Onéierlecher bezeechent RTL gäre presuméiert Täterinnen an Täter, déi hier Affer mat Hëllef vun Tricks oder Lige beducksen: „Oberhausen: Onéierlecher sprengen Automat wärend Paus vu Sécherheetsmann“.
Allerdéngs gëtt d’Wuert och nawell zolidd an Artikel iwwer Abréch genotzt.

Ob eng Persoun, déi zum Beispill Droge keeft, automatesch méi litt wéi eng aner? Faktesch a wëssenschaftlech ass dat schwéier festzestellen – mee behaapte kann een et jo mol virsiichtshallwer. An och Leit, déi ee Bankautomat sprengen, soen hire Matmënsche woméiglech vill méi éierlech d’Meenung, wéi sou munche Politiker. Mee bei dem Wuert „Onéierlecher“ geet et eben net just drëm, ee bestëmmten Delit ze verurteelen. Et geet zousätzlech och drëms, dem ganzen eng vermeintlecht Charaktereegenschaft ze ginn. Net dass d’Lieser*innen nach eng Sympathie entwéckelen.

RTL hieft moraliséierend de Fanger an deelt d’Welt an Éierlecher an eben Onéierlecher an. Déi Onéierlech sinn allerdéngs bei RTL ni an der Politik, an der Wirtschaft oder och bei gréissere Geriichtsaffären ze fanne, mee just an de Reie vu Klengkriminellen. Domat gëtt RTL senge Lieserinnen a Lieser d’Geleeënheet, sech iwwert dës Mënschen ze stellen a selwer zu den Éierlechen ze gehéieren. Onsachlech, onjournalistesch mee dofir ëmsou méi effektiv.