© Internet

„Ween stoppt RTL?“ ass eng Fro, déi sech a leschter Zäit ëmmer méi Leit stellen. Ass d’Land prett, fir de Medienmonopolist RTL vum Troun ze stierzen?

Och mir op RTL Eent hu genee wéi eis kleng Schwëster bei RTL Lëtzebuerg geléiert, dass een déi eegen Marchés-Dominanz dofir ze notzen muss nach méi Reklamm fir sech selwer ze maachen - just sou entsteet eng Hegemonie, een RTL Universium.

Hei dowéinst nach eng den Opruff an eegener Saach: d’Virstellungen vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“ vum 05.03., 09.03. an 10.03. sinn ausverkaf. Et sinn nach e puer Plazen den 6.03. iwwereg, reservéiert elo séier (!) Är Gratis-Plazen per Mail un ticket@richtung22.org.

Mir maachen eng Waardelescht op fir déi eenzeln Deeg, d.h. Dir kënnt Iech och iwwer Mail do aschreiwen.

Mir sinn iwwerrascht, dass dat elo sou séier gaangen ass an wäerten versichen nach zousäzlech Opféierungen z’organiséieren. Hei op RTL1.lu géift Dir dat als éischt gewuer ginn. RTL1 Informatiounen no ass d’Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“ och net deen leschte Projet an der Serie iwwer RTL, et gi Rumeuren dass iwwert de Summer e weidere, grousse Projet entstaanen ass, deen Dir Iech dann geschwënn ukucke komme kënnt.