Photo: Konrad Summers (CC BY-SA 2.0)

Oppassen, dës Déieren sinn alles anescht wéi séiss.

Zu Beetebuerg am Park ass et en Dënschdegmoien zu engem Tëschefall komm, wou hire lëschten Tasmaneschen Däiwel ausgebrach ass. Hien hat zesumme mat engem Hues an enger Int scheinbar scho länger een Ausbroch geplangt an ass elo op der Flucht. Warscheinlech hunn si eng Geisel, vun engem vun den Déierewiechter feelt bis elo nämlech all Spuer.

Als läscht goufen si gesinn, wéi si den Auto vun engem Visiteur geklaut hunn (rosa Lincoln) an domat a Richtung Sonnenënnergank geflücht sinn.

D’Jeeërfederatioun ass dankbar fir all Hiweis a sicht uechtert d’ganzt Land mat Poster. D’Int, den Hues an den Tasmaneschen Däiwel sinn der Federatioun scho méi laang bekannt a goufe verdächtegt hanner dem Mord mat engem Amboss un engem Rennkuckuck ze stiechen.

Noweise konnt een hinne bis ewell nach näischt. Dësen Trio war eng vun den Haaptattraktiounen zu Beetebuerg.