Photo: Rüdiger Stehn (CC BY-SA 2.0)

Dësen ongebiedene Gaascht duscht souguer am RTL1 Studio!

Zanter e puer Deeg, wéi laang genee ass nach net kloer, schéngt sech e Papagei an den RTL1-Studioen veriert ze hunn. De Villchen ass, onbemierkt, op Sendung gaangen. Mir konnten nach net rausfannen, wéi laang en lo schonn de Programm iwwerholl huet, well et éischt de Moien opgefall war wéi den Dan Spogen him un d’Knéie gaangen ass.