LIFESTYLE - Opreegung am Märeler Park
Wien huet den Auguste-Théodor gesinn?
Photo: Marcia O’Connor
Elo grad ass bei der zweeter Schaukel op der Spillplaz an der Rue de Bragance zu Märel een héiflechen a gutt gezillte Mupp laanscht stolzéiert.
E lauschtert op den Numm Auguste-Théodor, dat ass zumindest den Numm, mat deem hie vun enger Persoun, déi op enger Bänk Plaz geholl hat adresséiert gouf. Et schéngt, wéi wann den Auguste-Théodor e besonnesch ausgepräägt Interessi um Stack vun engem Rhododendron yakushimanum fonnt hätt. Kuerz drop war de Mupp verschwonnen. Up# date: De Mupp ass nees do, e war hannert der Heck!
Commentairen Schreift en neie Commentaire
Hei ginn et nach keng Commentairen.