Quell: RTL

Wéinst dem Jugendschutz sinn d’Déckkäpp ënner Drock geroden - woren si een Affer vun der brutaler Cancel-Culture?

Op ee mol woren se net méi do. Et muss Ufanks 2020 gewiescht sinn. Lëtzebuerg an déi ganz Welt wor just nach mat der Pandemie beschäftegt: Do sinn d’Déckkäpp onbemierkt aus dem Programm verschwonne. Okay, d’Witzer woren schlecht. Gaaaaanz schlecht. 2013 hat d’Land d’Déckkäpp mol als „Witztruppe von RTL“ bezeechnet, déi „seit fast zwanzig Jahren Steuergelder dazu benutzt, das Wort „bimmeln“ als Standardbezeichnung für Geschlechtsverkehr zu etablieren“. Mee fir vill Nolauschterinnen an Nolauschterer wor dat Format, deem säin eigentleche Jingle an der kollektiver Erënnerung duerch d’Reklammsmelodie vu Rinnen, Linden-Peusch an Thill ersat gouf, awer ëmmerhin nach méi ofwiesslungsräich wéi d’Reklammen oder d’Traffic-Infoen op RTL. Wat wor geschitt mam Programm, dat anscheinend net manner wéi d’Identitéit vun RTL Radio ausgemaach huet?

Kee Patrick Greis - keng Déckkäpp?

Grond kéint, deem eenzege Medienartikel no, deen et iwwer d’Spekulatiounen zum Enn vun der „Kultsendung“ gouf, eng Personalfro gewiescht sinn. Nee, de Problem wor net, dass d’Besetzung vun den Déckkäpp just aus ale, wäisse Männer bestanen huet (an dem Emilia Oliveira), bei deenen een net wosst, op se no all Opnam nach fäeg wiere selbststänneg nees vum Stull opzestoen. De Problem wor vill méi, dass de Patrick Greis verkënnegt hat opzehalen. De Patrick Greis wor jo de Moderator, also deen, deen d’Band mat iwwermotivéiert eragebläerte Froen ëmmer zum richtege Moment nees waakreg gerappt huet. Mam Zil, eng Zort Recht-Opmierksamkeet virum näechsten Pitti-Witz opzebauen. Ouni hie woren d’Déckkäpp praktesch ondenkbar, oder besser: onlenkbar.

Dem Patrick Greis no hätt et an der Theorie awer weidergoen kënnen. Et wieren dee Moment nach genuch Sendungen opgeholl gewiescht, fir bis Ufank Januar 2020 z’iwwerbrécken an d’Zäit ze notzen eng nei Persoun fir d’Moderatioun ze fannen. An Aussiicht géif iwwerdeem déi grouss Gebuertsdagsfeier am Oktober an der Belle-Etoile stoen, also e Grond méi, fir mat enger gudder Portioun Nostalgie an een neit Kapitel ze starten. Am Oktober huet RTL dann och mat „Happy Birthday: 25 Joer Déckkäpp…“ getitelt an eng Billergalerie vun der Gebuertsdagsparty mat iwwer 200 Fotoen publizéiert. Wien déi duerchklickt, ass direkt un d’Déckkäpp erënnert: All Foto gesäit d’nämmlecht aus. Uganks 2020 ass dann awer näischt méi komm. Woren d’Déckkäpp dem Covid zum Affer gefall? Beim Alter vun de Partizipant*innen an och dem Publikum wier dat jo net verwonnerenswäert gewiescht.

D’Zäiten hu sech geännert

D’Déckkäpp wor ee Format, dat sech RTL Radio Lëtzebuerg bei de Kolleeg*innen vum franséischen RTL geklaut hat. D’„Grosses Têtes“ existéiere schonns zanter 1977, also baal genee sou laang wéi hier Witzer. Dass d’Zäiten sech och fir si geännert hunn ass spéitstens 2013 kloer ginn, wou sou munchen am Public a Frankräich nawell zolidd irritéiert gouf: D’Maacher vun den Grosses Têtes hu bekannt ginn, dass si et sech gutt virstelle konnten, den Eric Zemmour, e ultra-rietsen Virdenker, an hier Ronn opzehuelen. Am Dezember 2020 huet eng gréisser Etude vun enger Journalisten-Associatioun AJL den „Grosses Têtes“ Rassismus, Sexismus, Antiziganismus a Homophobie attestéiert. An der Press gouf de Format doropshi ë.a. als „Bingo de la honte“ bezeechent. Awer well d’„Grosses Têtes“ als dee beléiftste Format um franséischen RTL gëllt - a well de Sender jo ee Privatsender ass, deen sech vun näischt ausser der Profitquote eppes soe loosse muss, gëtt bis haut um Programm festgehalen.

Zu Lëtzebuerg wier Kritik un RTL natierlech ondenkbar. Mee trotzdeem konnt den Déckkäpp-Nostalgiker bei der Kritik un den Grosse Têtes scho mulmeg ginn. Eng Sendung, déi just op Diskriminatioun opgebaut ass, kéint Problemer kréien? Jo, Merde, wann een sou zeréckdenkt: deen een oder anere fraefeindleche Witz kann och bei den Déckkäpp dobäi gewiescht sinn. Awer dass all Portugis Bauaarbechter ass a mat deem witzegen Accent schwätzt, ass jo awer Realitéit!!!1!! Oder net? E Verdacht läit an der Loft: Sinn d’Déckkäpp iere gecancelt ginn???

Eng Plainte virun der Medienopsiicht

Dass d’Witzer vun den Déckkäpp eigentlech scho laang aus der Zäit gefall woren an d’Stëmmung am Sall sou just nach mat Hëllef vu Fräibéier gehale gi konnt, hat RTL wuel schon selwer gemierkt. Et misst een d’Witzer virun der Ausstralung filteren, fir dee schlëmmste Rassismus an dee graffste Sexismus aus de Live-Optrëtter z’entfernen, hunn d’RTL Vertrieder der Medienopsiicht ALIA erklärt. Den 3. Juli 2019 krut RTL nämlech déi schockant Meldung, dass d’Medienopsiicht ALIA eng Instruktioun zum Dossier Déckkäpp opgemaacht hätt. Dat wor also ee Mount, ier de Patrick Greis säi Récktrëtt ugekënnegt huet.

D’Enquete, déi d’ALIA lancéiert huet, huet sech op ee ganz konkrete Fall baséiert. Et goung ëm follgenden „Witz“: „Du weess jo firwat Fraen ab engem gewëssenen Alter hir Reegel net méi kréien? Well se d’Blutt alles fir d’Warisse brauchen“. An sengem Avis hält d’„Assemblée consultative“ vun der ALIA korrekterweis fest: „les propos visant un problème de santé sont marqués par une tonalité blessante pour la dignité humaine de la femme, donc de type ”sexiste’“.

Huet d’ALIA richtegerweis erkannt, dass net de „Witz“ selwer, mee de Kontext hei de wichtegste Faktor ass? Bei Sexismus geet et jo ëmmer dorëms, wie wou an a wéi engem Kontext sou e Witz mécht. Géift Dir als Mann sou ee Witz äre männleche Kolleegen erzielen: Méiglech. Géift Dir en Ärer weiblecher Aarbechtskolleegin erzielen? Hoffentlech net. A géift dir dëse Witz enger noer Frëndin vun Iech erzielen, vun der der wësse géift, dass si dëse gesondheetleche Problem huet? Op kee Fall. Erzielt als eng Band vun ale, wäisse Männer dëse Witz am Radio, a gëtt d’Laache vun engem ganze Sall matgeliwwert, stellt sech een diskriminéierend Muechtverhältnis vis-a-vis vun deene Betraffenen ënnert dem Public hier, am dësem Fall „de Fraen“. Gutt, dass mer d’ALIA hunn, déi a Konsequenz fuerdert: „En diffusant l’extrait sous revue le 8 mai 2019, RTL Radio Lëtzebuerg n’a pas respecté sa propre charte déontologique […] l’Assemblée suggère d’adresser un ferme rappel à l’ordre [à RTL]“.

Et wor wéinst dem Jugendschutz?

An senger eegener Analyse fënnt den Direkter vun der ALIA dann awer, dass et iwwerdriwwe wier, dëse Witz sexistesch ze nennen - an ass och net bereet, iwwert déi ageschéckte Plainte ewech sech méi breet mat den Déckkäpp ze saiséieren. Et kann een sech froen, firwat den Direkter vun der ALIA net op seng eegen Assemblé Consultative lauschtert, fir géint RTL virzegoen. Et huet awer sécher näischt domat ze dinn, dass d’ALIA dee Moment zanter kuerzem een neien Direkter huet, de Paul Lorenz, deen seng berufflech Karriäre bei RTL ugefaangen a laang Joren fir verschidden RTL Branchë geschafft huet.

Obwuel de Paul Lorenz kee Sexismus fonnt huet, kënnt awer och hien zum Fazit, dass een d’Déckkäpp beim beschte Wëllen esou net méi weidermaache loosse kann. Net wéinst der ganzer Diskriminatioun an de Stereotyppen, mee wéinst dem… Jugendschutz. Dem Jugendschutz? Dat kléngt no engem Weltbild vum Ron de Santis - Sexismus ass eng Lige vun der Woke-Culture, awer dass Fraen hier Reegel kréien, soll op kee Fall Nomëttes um Radio ernimmt ginn. Wann een esou driwwer nodenkt, am Fong och d’Weltbild vun den Déckkäpp selwer.

Zäitlech e brisante Moment fir RTL

Lo wor et dee Moment ab Summer 2019 awer sou, dass RTL alles, mee sécher keng Rüge vun der ALIA gebrauche konnt. D’RTL Group stoung dee Moment an der Kritik, well massiv Plazen zu Lëtzebuerg ofgebaut goufen. An virun allem sollt ab dem 01.01.2020 dann och déi Phase mam neie Staatsvertrag ufänken. RTL sollt sech als seriöen „Service Public“ presentéieren, fir 10. Mio Euro d’Joer ze kasséieren. An zousätzlech woren d’Verhandlunge fir deen nach méi wichtege Staatsvertrag 2024-2030 en Vue. Dat wor wierklech net de Moment fir de Jugendschutz ze mëssuechten.

Am November 2019 beginn sech dowéinst als Representanten vun RTL bei d’ALIA. Si schénge scho genee gewosst ze hunn, wat de Problem wor: „ce dernier souligne tout d’abord qu’il est bien conscient de sa responsabilité en matière de protection des mineurs et de dignité humaine. [Ils] confirment qu’avant toute diffusion d’une émission Déckkäpp à la radio, une concertation en interne a lieu et ce afin de faire le tri des blagues pour éviter de faire passer sur antenne celles qui abordent des sujets particulièrement sensibles comme par exemple la nationalité, le sexisme ou des blagues visant un groupe spécifique de personnes.“ Mam Direkter vun der ALIA ginn si och eens a versprieche laang a breet an Zukunft besser opzepassen. Mee Stereotyppen wieren namol dat, wourop sou zimmlech all Witz vun den Déckkäpp sech baséiere géif. An et géif RTL och ëmmer méi schwéier falen d’Sendungen ze filteren. Den Austosch schéngt seng Wierkung gehat ze hunn, d’ALIA schëdd Waasser a hire Wäin a verzicht op eng formell Rüge.

Allerdéngs krut d’ALIA entretemps och vun RTL matgedeelt, dass d’Déckkäpp aus dem Programm gestrach goufen. Zousätzlech si sämtlech Sendungen aus der Online-Mediathéik erausgefall. Warscheinlech wéinst dem Jugendschutz. Déi aner Wäerter vun den Déckkäpp kann ee jo a Formater wéi „5 vir 12“ weider propagéieren.