FOTOEN - Fier Iessen an Drénken war gesuergt
Rossmillener Schockelafest
Photo: W Borgmann
Hënt war zu Rossmillen rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
de_Fern19.07.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
Duke_of_Lux19.07.2023Top Diddeleng, déi ganz Équipe huet zäitweis wéi aus engem Goss gespillt, vläit och e Verdéngscht vum neien Coach ? Eraus gestach hunn iewer besonnesch de Sinani an de Schnell! Denken dass besonnesch den D.Sinani net méi laang wäert Amateur bleiwen. Dat wier zwar schuet fir Diddeleng, mee gutt fir ons Nationaléquipe. A propos Nationaléquipe, firwat steet de T.Schnell nach ëmmer net am Kader vun de roude Léiwen ? Mat der Leeschtung (an dat schonn iwwer länger Zäit) muss deen einfach gesat sinn.... hei muss wuel een iwwert säin Schiet sprangen ... allez Holz/Schnell, setzt iech zesummen a kläert äre Litige! An un RTL, mam Marc Oberweis hutt dir genau de richtegen Mann fir d ‘Analysen vun de Matcher, do mierkt een dass dee Mann laang um Terrain stoung. Seng Analysen setzen an hien scheit och net fir Problemer unzeschwätzen. Weider esou!