FOTOEN - Fier Iessen an Drénken war gesuergt
Obelerer Greechenfest
Photo: Gemeinde Dobel
De Weekend war zu Obeler rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Nickla17.12.2022Mech irritéieren dës Aussoen vum Här Clement komplett! Sinn d'Piraten elo déi Super-Gréng? Mengen d'Piraten tatsächlech, datt mat 150 Euro den Mount iergendeppes kéint kompenséiert ginn? Wéi wëllen d'Piraten dann d'Grundlast un Energie hei am Land garantéieren? Mat Wand oder Solar? Wann den Här Clement mengt, datt d'Leit den Tankrabatt mat den eegene Steiergelder subventionéiert hätten, dann gëllt dat och fir déi vun den Piraten proposéiert 150 Euro den Mount. En fin: denkt den Här Clement schonns un eng Regierungsbedeelegung 2023?
-
Trump197817.12.2022All Respekt, Gus!!! 👍 Ech fannen esou Leit misst et vill mei op der Welt ginn. Dobei spillt et dach iwerhaapt keng Roll vun welcher "Seit vum Ufer" een ass. D'Muppen sinn gerett, weinstens dei 90, an denen ass et dach sch....egal wei hieren Retter gestrëckt ass. Dass den Gus dem Pence an Konsorten net d'Hand gët ass en kloer Zeechen an soll respekteiert ginn. Hautdesdaags liewen mir an esou enger verrëcktener Welt, dass nëmmen nach Muecht, Geld an Gewalt an den Schlagzeilen sinn dabei wieren solch Nouvellen wei dei hei dach wonnerbar mei vun denen ze heieren. Et sollt och dei "wichteg dëck fett Bonzen" an der Politik weltweit erreegen nëmmen leider wäert dat erem net de Fall sinn. Dei keinten sech alleguer en Beispill un esou Aktiounen huelen am Plaatz ëmmer nëmmen sie sie sie ....... Op alle Fall eng wonnerschein Aktion vum Gus. Bravo 👏 Merci
-
Heemecht_lu17.12.20221. Deel: Waat gesechert ass aus der Forschung ass, datt mer an eisem Gehier 2 Cannabisrezeptoren hun, wou kierpereegen "Cannaniboiden" kënnen undocken. An der Pubertéit nun get d'Gehier durch d'Hormoner strukturell emgebaut. Dat dauert +/- bis 18 Joer. Wann een also kierperfriem Cannaiboiden regelmässig zousechhëlt ier den Embau vum Gehier ofgeschloss ass, get den Embau gestéiert an et kann et zu irreversible Schied um Gehier kommen. Do genau läit de Problem : Wéi verhënnere mer datt Mannerjähriger un Gras an Haschisch kommen? Am Moment schéinkt dat jo net ze klappen, well de Produit ass einfach ze kréien, an datt opschon en verbueden ass! Daat ass et Problem, deen net ze ignoréiren ass! Mee wéi ass et matt den Erwuessenen, déi sech als "Genussraucher" - genausou wéi de "Genusstrinker" säin gelegentliche Pättchen - vun Zäit zu Zäit wellen eng Tiitchen ranzéihen? Do stéiert mech einfach, datt dausende vun Menschen dowéinst ze Kriminellen gemaach gin !
-
Egalwat17.12.2022Bei enger Saach gin ech dem Josée recht: Ech hun dat scho lëschten Hiers ht gesoot iert d’Impfungen zougeloss goufen. D’Regierunge hätte misste massiv Reklamm fir dei Impfung maachen, an sech demonstrativ dofir ausschwätzen. Well et egal wéi keng Alternativ get falls ee hemols rem wëll an d’Normalitéit kommen. An dat as net geschitt!
-
Anna_List17.12.2022?’?? Firwaat haut dee Bericht? Gët ët e Mangel u spectaculairen Nochrichten? Oder ass ët fir ons zë weisen, dass ët och an der Vergaangenheet Héichwaasser gouf. Natiirlëch huet dunn nach keen vum Klimawandel geschwaat an ët ass och nach keen schikanéiert gin, well e säin Dreck nët anstännëg sortéiert haat. Ëch wėll domat nët soën, dass ët kee Klkmawandel gët, mëch stéiert awer, dass jiddereen eenzelnen vun eis elo erëm e béise Fanger gewise kritt, well d’Strooss zwëscht Léiweng a Peppeng iwwerschwemmt ass oder wann de Parking Däichwise muss geraumt gin, just déi wirklëch Responsabel gin a wärten nie zur Rechenschaft gezu gin.
-
luxusbuerger17.12.2022Et gouf mol sou en Spill, „Sim City“… Wann d’Awunnerzuël roofgaangen ass, an Awunner eng Staat Verloos hun, War en en schlechte Buergermeeschter oder huet eppes falsch gemaach… Ass hei net vill aanescht. Prinzip bleiwt dee selwechten. Letzebuerg huet einfach näischt mei waat een kann heihaale, wann ee bis mierkt dass Geld net alles ass. Sur ce, schein Ouschteren
-
LibrePenseur17.12.2022da wärte mir eise gudden alen 207 nach laaaang halen. Fehler In Allen Teilen soen d‘Preise jo fir FIAT.