FOTOEN - 112 mellt
Depanneuse op der Kopp zu Welschent
Photo: Vanessa & Leigha
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Meckerhary20.01.2024Oh dat deet mer awer leed. Ech hunn dee Mann bewonnert, en ass a sengem héigen Alter all Dag bei egal wéi engem Wieder eleng spadséiere gang. D’lescht Woch hunn ech e nach gesinn. Ech wéilt, wann ech d’Chance kréich, gäer an deem Alter nach esou fit. Seng Biller wäerten ons éiweg erhale bleiwen.... Ech wënschen der ganzer Famill mäin häerzlechst Bäileed! Rout a Fridden Häer Graas....
-
EsouAwerNet20.01.20242G Plus a basta
-
Trump197820.01.2024Dei arm Entrepreneueren, einfach Hausse 1 zu 1 un den Konsument virun gin..hoffentlech erhängeren se net...ging Zeit gin dass dei ganz Industrie mol boycotteiert get.