FOTOEN - Tëscht Bëschrued an Bloebierg
Bulldozer rennt an Liwwerwon
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
agentorange12.12.2023Wann ech hei d‘Commentaire liesen, hunn ech d‘Gefill dass d‘Leit drop lass iergendeng Meenung schreiwen, ouni d‘Fakten genau ze liesen a verstanen ze hunn. Ech wees net wat sou e Gesabbels soll brengen. 🙄 Ech denken d‘Situatioun ass eescht wéinst de Mutanten an et ass richteg direkt konsequent ze reagéieren. Ech sinn och frou dass eis Kanner duerften e puer Wochen nees an d‘Schoul goen, soss wären se elo schon 2 ganzer Méint doheem.
-
Weltbiirger12.12.2023Gespuert ass net ganz richteg, manner gebraucht wéinst dem warme Wieder wär méi richteg.
-
MELLECHKOU12.12.2023Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Trulla12.12.2023Bei enger Saach gin ech dem Josée recht: Ech hun dat scho lëschten Hiers ht gesoot iert d’Impfungen zougeloss goufen. D’Regierunge hätte misste massiv Reklamm fir dei Impfung maachen, an sech demonstrativ dofir ausschwätzen. Well et egal wéi keng Alternativ get falls ee hemols rem wëll an d’Normalitéit kommen. An dat as net geschitt!
-
kleinGEIST12.12.2023Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.
-
De_Jonggesell12.12.2023Pisatest hin oder hier, eis Jugend kann trotzdem 4 Sproochen an dei meescht fannen eng Studieplaatz queesch iwwert de Globus. Ech kennen ed vill aaner Länner an deenen dat esou geleefeg as wei bei eis.
-
Kritiker12.12.2023Wann ech bei méng Mamm gin , muss ech en negativ Test virweisen , an dierf sie dann trotzdem net um Zemmer gesin,nemmen an engem speziellen Raum mat Ofstand an Mask , ausserdeem muss sie nach emmer an Quarantäne wann se 1 Dag ausser Haus war obwuel se zanter 1 Mount voll geimpft as
-
Donald Duck12.12.2023Et giff ee mengen dei stauen wiren gewollt , macht mol ee chantgen ferdeg ir der aner ufänkt , an dann parkplaatzen ronderem d'staat wir net schlecht wei just bei d'grenzen
-
knadderpit12.12.2023Bodycams sin well laang iwwerfälleg, an aaneren Länner gin et dei schon laang , et gett heich Zait dass se agefouert gin .