FOTOEN - 112 mellt
Ambulanz op der Kopp zu Schlassgoard
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_hexemeeschter07.10.2023par Rapport zum Interview vu gëscht, wi Daag a Nuecht. Woubäit haut éischter Nuecht war.
-
Knueterbatti07.10.2023D'Primen an d'Beihëllefen fir d'Baueren gin jo schliesslech vun den Leit hieren Steiergelder bezuelt. D'Baueren machen och Stroossen onglécklech an Biedem futti mat deenen schwéieren Maschinen déi fir eis Strukturen iwerdimensionéiert sin. D'Leit bezuelen haut en groussen Deel vum Akommes fir Logement (Bauland) ergo huet een Stoot mat Mindestloun net vill Geld iwreg fir deier Liewensmëttel ze kafen. Ech gleewen net dass en Bauer sech mam Mindestloun géif zefridden gin.
-
KengduebelMandater07.10.2023Et hun nach mei Leit haut Gebuetsdaag an muer an iwermuer an sou weider, ass irrelewant
-
Maulwuerf07.10.2023Gespuert ass net ganz richteg, manner gebraucht wéinst dem warme Wieder wär méi richteg.
-
kloreMenscheverstand07.10.2023Wann ech commentairen hei op RTL iwert all Berichter vun Corona liesen, muss ech feststellen dass emmer mei Leit mat eiser Regierung oder mat den mesuren net mei aferstaan sin. Zurecht mengen ech. Schwetzt dann e vun der CSV, da get schon geint deen gefacht ier en eppes gesoot huet. Meng Fro as elo Mee wien hätt dier gär an der Regierung? Gambia net, CSV net. Ween dann?Piraten an ADR? Ma bonne chance dann