FOTOEN - CGDIS mellt
Paddelboot op der Kopp zu Uewerwampech
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
LibrePenseur05.07.2023Läit et an engem Natuerschutzgebidd? Ech denken net an wann, jo wéi steet hei? Oplagenerfëllung an dat kascht net grad e puer Cent. Huet dat Bautegesetz schon deemols bestanen oder net en face Natuerschutzgebidd? Wann neen dann fällt et an déi al Gesetzgebung an dann kann d'Biergerinitiativ de kierzeren zéien. Ass dat neit Gesetz esou verfaasst woumader dat alt automatesch ausser Kraft setzt, dann kann genau esou d'Gemeng ewéi déi Firma de kierzeren zéien. D'Heimtücke läit genau doraner, a.z. op nei Gesetzer al Gesetzer ausser Kraft gesat hunn. Kloer gleewen ech dann och net méi dass dann 《18.000 Nuitéeë pro Joer》 dat net méi ze realiséieren ass.
-
donquijote05.07.2023Ech stellen mir heiansdo d'Fro, wat verschidde Minister op hiren jeweilegen Posten verluer hunn. Als Minister vun der Fonction Publique schéint et mir logesch ze sinn dass een 'als Neien' sech aschaffen muss an och dofir déi jeweileg Gruppéierungen gesäit fir gewuer ze ginn wat leeft an wéi eng Aspekter et do ginn. Wann awer no 2 Joer kéng Decisioun, jo mol keng Spuer opkënnt an dat sech ëmmer un e Weiderreechen un aner Ministerkollegen an och den Premier beschränkt, deen erëm op dësen Minister verweist, dann schéngt et mir wéi wann dat entweder eng Zermürbungstaktik ass oder et absolut keen Plang hei méi gëtt. An dann ass et menger Meenung no och soulues Zäit konsequent ze sinn an d'Blad ze botzen. Bei Gambia 1 war den Logement dovun geprägt, déi Ministesch ass elo fir den Pavillon zu Dubai zoustänneg, duerno koum den Marc Hansen op deen Posten, bei Gambia 2 ass hien elo an der Fonction Publique zoustänneg mee och do leeft näicht weider. D'Lompen an der Politik fänken un ze richen..
-
Nei_Hei05.07.2023Mimimi. An ENGER Saach huet d?Madamm Brasseur awer Recht, d'Leit hunn ess EFFEKTIV genuch a sinn degoûtéiert ass vun deene rezenten Exzesser, awer éischter di Exzesser vun den Politiker géijeniwwer vun den Bierger an der Gesellschaft!
-
Donald Duck05.07.2023Dat ass Desinformatioun wéi se am Buch steet. No deem Appell sollt ee vun de Nobelpräisträger, de Wolfgang Pauli zum Beispill sinn, dee sech zu deem Thema geäussert hätt. Der Nobelpreisträger Wolfgang Pauli sagte sinngemäß: „Diese Theorien sind nicht mal falsch, sie sind wertlos.“ De gudde Wolgang Pauli hat tatsächlech 1945 de Physik-Nobelpräis kritt. An en ass 1958 zu Zürich gestuerwen. Wéi heeschen dann elo déi aner 73 Nobelpräisgewënner? Da kéint ee kucken ob op d'mannst déi iwwerhaapt nach liewen.
-
kleinGEIST05.07.2023Déi Greeng hun an deenen leschten Joeren villeischt hirt bescht meiglecht gemaach well Car schonns ze déif am Dreck stëcht awer si hun Politik hei am Land net verändert, au contraire si hun sech der Politik ugepasst. Een contournement ob deen aneren gëtt gebaut dass den individuellen Automobilist seeng Freed um Auto net soll verléieren zugleich soll den co2 erof geschrauwt gin waat einfach een krassen Wiedersproch! Mam fetten SUV an den Bio Buttek ass fir mech net nohaltëch. Velofueren gefördert awer zum Deel den Velo un verschidden aggressiv Automobilisten Schutzloos ob der Strooss ausgeliewert. Et wir troztzdeem ze hoffen dass déi Greeng Partei, esou wéi et an Déitschland sech virzeechent, zu enger Majoritéitspartei wiesst, well et déi eenzegt Partei ass deenen ech halbweegs mein vetrauen virun ginn am Sënn vun enger gëftfreier Ëmwelt verbonnen matt enger besserer Liewensqualitéit wou et net just nach ëm Wachstum geet maat allen nociven Folgen fir Mënsch, Déier an Natur.