FOTOEN - Tëscht Réiser an Wandhaff
Bagger rennt an Blumm
Photo: slipstreamJC
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
de-ben25.06.2023Bei ville vun eis sëtzt nach déif a Kapp an Häerz, d'Erënnerung un d'Opfuerderung, wann s de eng op de lénke Bak kriss, dann hal och dee rietsen duer. Domat hunn aner déck profitéiert, well se dat erreeche konnten, wat se nach ëmmer wollten; andeems se eis "roueg" hale konnten. Hei leeft et net anescht of! E politesch schwaache Géigner, dee gëtt eliminéiert, wann et drëms hier geet. Dat gesi mer ganz kloer mat der Ukrain. An, Europa ass schwaach, ebe well et sech just wirtschaftlech mengt kënnen ze verdeedegen. Wéi de Moment, mä, wéi och anescht soss? Et misst dem Lieser jo awer kloer sinn, wat de Russ wëll. RTL gëtt net ëmmer e wäiten Abléck, vun deem wat leeft. An der Period vu Walen kéint déi Haltung och interpretéiert ginn. Egal, se gëtt et, sou oder sou. Wichteg bleift also, net FB, X a Co eleng, mä och mol richteg Zeitungen, gären online, consultéieren. De Russ steet ëmmer méi no virun eiser Dier, dat muss engem bewosst ginn. Ob en eis just säi Gas wëll verkafen?
-
den_Kneckert25.06.2023Aera F.B beim F91 war eng eemoleg Erfolgsgeschicht! Joerenlang op EL legue hingeschafft, an och errecht! Lo beim Swift probéiren se direkt matt der Briechstang champion ze gin, CL qualie oder EL qualie ze errechen! Sou fonktionnéiert daat am Amateurbereich awer nett! Hesper ass keen kollektive.... Se hun e gudden Trainer, am 8 veteranen déi schon EL gespillt hun! Se hun 11 Spiller am Kader ëm 30 Joer an driwer! Se mussen 7 eischt Lizenzen um Bou stoen hun, daat alleng ass schon nett évident! Alleng matt Erfahrung gess de nett Méeschter...
-
Gleewennetalles25.06.2023Fannen et awer net richteg dass d'Luxair nach emer dohinner flitt. Virun 2 Meint wären dei Leit wou aus Schweden zereekkommen ann Quarantäne gesat ginn
-
Kritiker25.06.2023"Den krich an europa" Ehm? Dei leschte keier daat ech geguckt hun, waar d'Ukrain nach net an der EU weder nach gouf et eng Kricherklaerung vun eis. Oder wees deen Herr mei wei mier? "Ech well een mei starken sozialstaat" Ech iwersetzen: "Ech well nach mei gratis hei and gratis do. Ech well mei heisch steieren. Ech well mei eng grouss oofhaengeschkeet vum staat. An ech well d'grenzen nach mei grouss oprappen. Emmerhin, existeiert nach emmer eng mettelschicht."
-
Waat_een_Kaabes25.06.2023Firwat soll da grad ëlo dee Virus von engem Déier op de Meensch iwwerdroë gi sënn? KOmisch...