FOTOEN - Tëscht Rulljen an Biereng
Läschfliger kritt Weid ze paken
Photo: der paparazzo
En Accident kanns du och selwer bauen. Schéck eis eng Foto dovunner, da muss eise Fotograf net bei all Wierder iwwer d’Stroosse renne wéi eng Sau, fir als éischte sur Place ze sinn.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
nizefridden12.02.2023Schuett dass den Hummels nett derbei ass den Kommetair hätt ech gär heieren
-
Kriddelschass12.02.2023LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.
-
Tata-Sidoni12.02.2023Gambia-Koalitioun schafft awer wierklech mat Système! Yuriko Backes huet last minute DP Parteikaart geholl/krut an zack war se Finanzministesch. Do zéien déi Gréng eben no!! Same procedure... Last minute dei gréng Parteikaart an zack Emwëltministesch. Und ist der Ruf mal ruiniert, lebt sichs ganz ungeniert 😱
-
DePefferkaerchen12.02.2023"One extraordinary fact emerged in a 141-page parliamentary report into the spy agency, published in 2013: It had files on no fewer than 300,000 people – the equivalent of MI5 having 45million individual files on British citizens." Hate mer well bal rëm vergiess oder? 300000 Leit an de Fichieren vum SREL.
-
Kriddelschass12.02.2023Leider as et Realiteit zu Letzebuerg daß vill Fraen oder och jonk Meedercher belästegt gin.Et missten vill mei Policekontrollen doremmer sin,och op bekannte Platzen am Land.Mee et get gespuert an vill Personal offgebaut.Freier goufen et op villen Dierfer nach eng Gendarmerie.As haut net mei den Fall.Op Arbescht oder um Schoulwee oder sos unzwesch erausgoen as fir keng Fra einfach.Pefferspray as verbueden an der Täsch ze hun.An wei soll een sech do wieren können bei Belästegungen oder och Gewalt?Virun engem Stalker as een och guer net geschützt.Et gelt mol emdenken bei eisen Politiker an eist Land mei secher ze machen an Gesetzer mei streng ze machen.Opfer vun Belästegungen an Gewalt sollen mei geschützt gin an och mei Policekontrollen iwer Land gemacht gin.Mee dat kascht den Staat zevil Geld.Et muss gespuert gin op den Kapp vun den Bierger awer Onsecherheeten bleiwen bestoen op am Dag oder owes as een als Fra nie geschützt.
-
Maulwuerf12.02.2023Einfach schrecklech wat do soll realiséiert gin. Esou gesäit dach keng Entree vun enger Stad aus. Wien sin déi Stadplanger ?? Bestëmmt keng Lëtzebuerger. Wäerten erëm auslännesch Firmen sin, déi am Optrag vun Fongen oder egal ween och do werkelen. Genau esou wäert ët och herno zu Hollerech ,mat der Porte de Hollerich, ausgesin. Vun der Autobunn direkt an eng Betonwüst eran. Wat d'Stäreplaaz ugeet,wärte mer domat dann den 3ten Belval schaafen. Well den 2ten as jo op der Cloche d'or. Do waerten an Zukunft eng Partie Geschäftrer zoumaachen. Ech hun dat schon geschriwwen,wéi se nach am Bauen waren. D'wier besser d'Grousgaas géif emol erëm belieft gin. Kann nët sin dass de Kär vun der Stad eng Akaafswüst gët, an baussen erëm sin Geschäfter. Dat as dem Gemengeroot seng Aufgab.
-
Matbierger12.02.2023Et ass jo och vill méi liicht, sech bei RTL o.ä. an den douzou gehéirende Commentairen ze informéieren.