Photo: Sammy-Sander

Wann RTL ee Plagiat produzéiert, dann iwwerleeë si sech gutt vu wiem. Fannt och Dir eraus, wie wierklech um Klimawandel schold ass.

Stéchwuert Recycling, bezéiungsweis Stéchwuert Copy-Paste (ass jo iergendwéi och dat selwecht): Wat mir besonnesch gäre bei anere Medie knäipen, dat sinn Iddien, déi liicht an de Kapp an direkt an de Bauch ginn. Eenzelner géife soen „Klischeeën“, mee mir soen: Haaptsaach et fillt een et.

Beispill klimaschiedlecht Kuelevebrennen: Wien huet do net och iergendwéi d’Gefill, dass dat d’Schold vun de Schinesen an Inder ass? Eben. Dowéinst kopéiere mir och am léifsten sou Sätz wéi: „Zréckzeféiere wier d’Entwécklung [vu weltwäit extra héijem Kueleverbrauch] virun allem op Länner wéi China, Indien, Indonesien, Vietnam an de Philippinnen. Déi 5 Länner maachen iwwer 70 Prozent vum globale Kueleverbrauch aus, wat méi wéi duebel esou vill ass, wéi nach um Ufank vum Joerdausend.“

Lénks: RTL | Riets: FAZ

Sou klengkaréiert Nerveseeë-Journaliste géifen elo warscheinlech froen: Mee wéi vill ass dat da wierklech pro Kapp? Ass de Pro-Kapp-Verbrauch a westleche Länner net vill méi héich? Kann een e Land vu 60 Milliounen Awunner wierklech mat engem vun 1,2 Milliarde vergläichen? An Zack hunn d’Lieser*inne scho kee Bock méi. Sou Saache si jo net nëmmen Inhaltlech desagreabel, mee och intellektuell einfach nëmmen ustrengend. Amplaz dovunner einfach: Feel the news!

Lénks: RTL | Riets: FAZ

An dësem gléckleche Fall hate mir jo en Artikel vum FAZ-Wirtschaftskorrespondent Nikla Záboji ofgeschriwen. Wéi schonn op enger anerer Plaz erwäänt: Ween en Text Wuert fir Wuert an d’Lëtzebuergescht iwwersetzt, ouni dem Auteur eppes dovunner ze soen, geschweigs dann en ze bezuelen oder als Quell unzeginn – dee mécht kee Plagiat! Plagiat wier jo eng einfach Kopie! Hei gëtt iwwersat. Außerdem kritt keen dat mat, d’Plagiat existéiert also guer net.

Lénks: RTL | Riets: FAZ

De gudde Mann vun der FAZ trëfft iwweregens och ëmmer déi beschte Preselektioun, wat Theme betrëfft. A sengem ganzen Text – also och an eisem – geet et em ee Beriicht vun der Internationaler Energieagence IEA. Eng Organisatioun, déi fossil Energië fördert an där och virgeworf gëtt d’Energiewende ze torpedéieren.
Eng Organisatioun, déi zu Klima an Energie einfach seet: „weider sou!“ oder „déi aner si schold“. Dat fillt sech nawell richteg un – an dat ass d’Haaptsaach!