FOTOEN - Police mellt
Rollschong op der Kopp zu Schweebecher Bréck
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Mausketti225.06.2023Gellen dann och elo Quoten um Bau?Haalt dach endlech op mat deem Gesteppels.
-
kloreMenscheverstand25.06.2023Den Juncker huet missen weinst der Geheimdengstaffär goen. Wann dat doten stemmt, ass dat jo nach vill mei schlemm. Ween muss dann elo goen ?
-
Alles-Quatsch25.06.2023Et ass jo och vill méi liicht, sech bei RTL o.ä. an den douzou gehéirende Commentairen ze informéieren.
-
JEAN-FRANCOIS25.06.2023Ee Ruck no Riets heescht nët manner Migratioun, mais just dass manner mënschlech mat deene Leit déi souwiesou ukommen emgaangen gëtt.Wann ech hei d'Kommentairen liesen kann ech just folgeren dass ët bei eis nach ville Leit vill ze gutt geet. Genéisst ët an deelt e besschen daat deet gudd.
-
nizefridden25.06.2023Mme Cahen hätt schon missten als Ministesch oftrieden. Huet se net. Elo well se och nach Buergermeschter gin. Ass bekannt ob se en plus mat an Chamberwahlen geet? Nee. Et kéint also een Duebbelmandat gin. Si verdeelen Posten schon enner sech wéi wann et just eng Formalitéit wir, den Wieler geséit daat. Mme Polfer ass baal 70, just Muecht, Geld an Politik ganz Liewen! Et soll een och emol seng lescht Joeren genéissen, et wees een net wéi lang een nach do ass.
-
Alles-Quatsch25.06.2023Vill Politiker mussen speidestens elo vill mei 'humble' ginn,an mei op dei normal schaffend/pensionneiert Bierger an Jonker lauschteren,genee do wou deenen hieren Schong dreckt,wann et nit schons ze speid ass. Keen huet alleng d'Wouricht an d'Weisheet gepacht! Mat all deenen Epreuven dei nach kommen waerten,muss all Land erem souvill ewei meiglech Selbstversorger ginn,well an der Pandemie an Finanzkrise huet Globalisatioun hieren 'Bloussen' mussen weisen. Dei eenzeg Aentwert bis elo,et get alles massiv mei deier,opwuel d'Wirtschaft am ralenti gedreint huet an weider am Ament dreint. Eng Fro kennt mer emmer erem an de Kapp: waat ass/sinn d'Ursach(en) vun deenen villen Problemer,an firwaat ginn se net gerecht,nohalteg an demokratesch geleist,vun deenen ,dei dofiir sech wielen geloos hun,weltwait?