Screenshot: RTL

Wuel eent vun de bekannteste Gesiichter bei RTL Lëtzebuerg ass d’Joëlle Kirsch.

An dobäi schafft si mol net wierklech bei RTL. Also si schafft zanter 2009 zwar schonn fir RTL an op RTL, mee net als dat, wat een denkt. Och wann een déi berühmte „Wiederfra“ – d’Présentatrice vun der Meteo – als Deel vun der Equippe wouerhëlt, oder suguer als Journalistin vu Radiosreportagen an Erënnerung huet, hieren Employeur ass virun allem d’Regie Publicitaire „IP“. D’Joëlle Kirsch huet keng Journalistinnekaart, mee schafft als „Copywriter & Voice“ fir IP Productions.

An enger Welt, an der Deontologie eng Roll spille géif, géif elo hei de Problem ufänken - an d’Joëlle Kirsch géif wuel net méi op RTL optauchen. Oder kann zu Lëtzebuerg eng Persoun hiert Gesiicht a hier Stëmm net just fir Informatiounen, déi RTL als Deel vum gëltegen Staatsvertrag liwwere muss, mee eben och fir Produiten zur Verfügung stellen? D’Joëlle Kirsch präsentéiert fir RTL Lëtzebuerg nämlech net nëmmen d’Wieder, mee och déi neiste Servicer, Events oder Produiten. Heiansdo mecht hat och béides gläichzäiteg.

Dat heescht och, dass beim Joëlle Kirsch d’Iwwergänk tëscht Reportage a Pub onsiichtbar ginn. Si ass eng vun e puer Persounen, déi bei RTL, also bei IP schaffen, déi deen onméiglechen Spagat maachen. Wat mécht een och, wann een en Thema fënnt, fir dat ee passionéiert ass a gläichzäiteg mat enger Firma driwwer schwätzt, déi bereet ass fir den Interview ze bezuelen? D’Joëlle Kirsch ass notamment Host vun engem exklusiven Talk Format iwwer Finanzen, dat ee bei rtl.lu, also der vum Staat als „Service Public“ subventionéierten Medienplattform, an der Mediatéik fanne kann. An Zesummenarbecht mat der ALFI produziert si de Podcast Money Talks – sponsored Content, dee Reklamm fir Entreprisen mecht..

Genee wéi een d’Gesiicht vum Joëlle Kirsch vun der Meteo erëmerkennt, ass och hier eenzegarteg Stëmm ganz bekannt. Sou ee Bekanntheetsgrad ass Gold wärt an léisst sech och a weideren Niewenjobs als Animatrice gutt vermaarten. Op RTL mécht d’Joëlle Kirsch dowéinst eben och fir alles Reklamm. Sief et fir ee gudden Zweck – eng ASBL, déi op d’Risike vun Hiereschlag opmierkasam mechtfir d’Offeren vun de Vakanzendestiantioune vun der CFL oder fir eng Firma, déi bei Hoerproblemer hëlleft (a mat engem Screenshot vun rtl.lu Reklamm op der eegener Säit mecht) .

Moment, soten mir grad Reklammen? Dës Formater sinn zwar Reklammen, hunn awer ee journalisteschen Usproch an dierfen dowéinst och ëmmer mat de Wieder: „All Reportagen vun dëser Woch fannt dir op radio.rtl.lu“ beend ginn. De Public soll schliislech d’Gefill hunn, dass en informéiert gouf an net, dass hinnen eppes verkaf gouf. Konsequenterweis kann een dës „Reportagen“ dann och net just an enger Reklamms Rubrique um Site vum Radio RTL fannen, mee an der Kategorie vun den Nationalen News op rtl.lu, wou den Titel „Am Hierscht gutt gekleed mam Modehaus Marx“ dann tëscht de Biller vun Autosaccidenter an de kopéierte Pressecommuniquéen land.

Photo: RTL

Ass et dann elo sou, dass d’Joëlle Kirsch schlussendlech just als Reklammsreporterin fir d’Publicitéitsboite IP schafft an einfach d’Pech hat, dass eenzelner vu senge Reklammen alt mol dohier kommen wéi journalistesche Contenu an dann och nach falsch klasséiert ginn? Si ass och vläit just zoufälleg an d’Lëscht vun der RTL Equippe mat dropgerutscht? a kruut accidentiellerweis eng Foto vu sech mat dem rouden RTL Hannergrond gemaach? An op der Foto deemols, wou d’Joëlle Kirsch um FEDIL-Event offensichtlech den Format „wousst der schonn“ fir IP ophëllt, gesäit een en RTL-Mikro och just well grad dee Moment all d’IP-Mikroen freckt woren.

Heiansdo ass sech d’Joëlle Kirsch do och selwer net méi esou ganz sécher. Et ass dowéinst och nëmme virsichteg ëmmer déi zwee Mikroen dobäi ze hunn. Fir extra virbildlech ze sinn mecht si dowéinst elo, wou RTL een Service Public ass, all Kéiers zweemol hannerteen mat der selweschter Persoun den selweschten Interview wann si e Cactus Promidinner moderéiert. Eng Kéier fir de Fall, dass et eng Reklamm fir IP gi soll an eng Kéier fir de Fall dass sech awer erausstelle géif, dass si Journalistin ass.