METEO - Meteolux mellt
Kloert Glatäis
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 05:57 bis 17:39 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_een_Kaabes25.03.2024Tiptop, mam Moto duerch d'Land briederen ass ok ( mat dem Risiko vum Motoradfueren) mee mam Auto een Ausflug maan ass verbueden, imens konsequent
-
KriteschKritik25.03.2024Nach eng Kéier. Vill Leit schwätzen nees vu Saachen wou sie nët verstinn. A mir bleiwen bei de gudden aale Clichéen... Vill Chargéen können an hierem Fach guer KEE Concours maachen well ët déi Diziplin am Concours guer nët gët ! Daat ass notamment de Fall vu villen Enseignanten an der Beruffsausbildung. Beispill vu villen: e Formateur (extern) an der Logistik ka guer kee Concours an der Logistik maachen ! Hie misst fir d'éischt en anere Concourrs maachen (z.B. Machinebau), duerno e Stage am Machinebau, fir zum Schluss déi Kueren guer nët ze hunn. Also gët hie Chargé de cours an der Logistik a mecht an deem Fach säit Stage.
-
Baam25.03.2024Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Infowars25.03.2024Läit et an engem Natuerschutzgebidd? Ech denken net an wann, jo wéi steet hei? Oplagenerfëllung an dat kascht net grad e puer Cent. Huet dat Bautegesetz schon deemols bestanen oder net en face Natuerschutzgebidd? Wann neen dann fällt et an déi al Gesetzgebung an dann kann d'Biergerinitiativ de kierzeren zéien. Ass dat neit Gesetz esou verfaasst woumader dat alt automatesch ausser Kraft setzt, dann kann genau esou d'Gemeng ewéi déi Firma de kierzeren zéien. D'Heimtücke läit genau doraner, a.z. op nei Gesetzer al Gesetzer ausser Kraft gesat hunn. Kloer gleewen ech dann och net méi dass dann 《18.000 Nuitéeë pro Joer》 dat net méi ze realiséieren ass.
-
BAARTJANG25.03.2024Sou Saachen gin aafgesoot ......schon mol drun geduecht : All Daag sin Leit an den Busser,Zich ,Tram ,Autoen nnerwee, déi eran an raus klammen déi vun iwwerall kommen , emklammen an weider fueren . Dann dierften déi daat jo och nit maan. Als Beispill vum Alldaag gekuckt........ wann d'Leit schaffen fueren. Ech fannen daat Ganzt komplett iwwerdriww, ech willt nawell gär wessen ween sich un där ganzer Hysterie verbreeden , rem eng gelden Nues verdingt......... Hänn wäschen no deenen "üblichen" Saachen, jo. Kengem an d'Gesiicht néizen, houschten , as och kloer an einfach Manéiren gewisen. Suguer ouni vergrippt oder " vercoranat" ze sin! Ech kann just nach den Kapp resselen iwwer deen ganzen Zirkus.
-
WaatSaachen25.03.2024“huet sech e Schong ausgedoen, a mat dësem op d’Notizen getrëppelt.” Spillschoul awer net EU-Parlament !
-
donquijote25.03.2024Wonnerbar Noriichten, meng Félicitatiounen!!!