Photo: skyseeker (CC BY 2.0)

Wien dëser Deeg an den Himmel kuckt, wäert iwwerrascht sinn.

Fir e puer Stonne kéint et am spéiden Nomëtte plazeweis zu Konfusioune kommen, wa wéi all Joer ëm dës Zäit nees eng Kéier de Mound fir e puer Stonnen hanner der Sonn verschwënnt an d’Sonn doduerch op déi aner Säit vum Planéit liicht. Ee Phenomen wat an den 80er vum Meteorolog Immanuel Kant a senger Dissertatioun beschriwwe gouf an an de 50er och endlech wëssenschaftlech mat Mikroskop (deen eréischt duerch d’technesch Errungenschaften am éischte Weltkrich hiergestallt gi konnt) nogewise gouf.

Duerch d’Ofwiesenheet vun der Sonn falen deemno och d’Temperature rasant op wäit ënner -70°. Et soll een also am beschten déck Jacketten oder Schlofsäck undoen, wann een dann d’Haus verloosse muss. Am beschten ass fir den Nomëtte ganz am Home-Office ze bleiwen. Mee keng Suerg, de Planéit ass geschwënn nees zeréck an huet dann och no e puer Deeg seng gewinnte Faarf a Liichtkraaft zeréckgewonnen.