METEO - Meteolux mellt
Kloeren Héichdrock
Photo: RTL1
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 09:27 bis 03:58 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
donquijote03.12.2023An sou enger Situatioun wei der leiten, gesäit een waat engem Aussenminister seng Arbescht wert ass. Kee Sou!
-
Nickla03.12.2023Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.
-
Kritiker03.12.2023Et gëtt een dat Gefill net lass dass déi Juristen an deenen jeweilegen Ministèren entweder déi konfus Ideen vun hiren Chefen (Ministeren) mussen op d'Blad setzen an do keen décken Choix hunn, oder hinnen hir jeweileg Universitéiten hunn et net esou richteg bruecht. Héiert sech elo vläit haart un, mee deen neien Check durabilité deen virum engem Mount ageféiert gouf (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2061151.html) war eigentlech geduecht dass et net zu esou enger penibler Nummer sollt kommen 🤷
-
Mengmegnung03.12.2023Bravo, - fir déi excellent Explikatiounen iwwert d’ Entstoen vun onsem Walsystem, - fir déi detailléiert Beschreiwung an e pur Wierder vun den historeschen Gegebenheeten, - fir de Courage ze hunn fir 1 Walbezierk ze fuerderen. Dat d’ Partei soll awer d’ Reiefolleg fest leeën wéi se d’ Leit an Chamber komme liest, och wann iwwert en Tirettesystem Fra-Mann oder Mann-Fra, wär awer e staarken Aschnëtt an dem Wieler séin Ausdrock, fir ze weisen op se Politiker nach wëllen oder nët. Och wann ech nach net zu enger Conclusioun komm sinn, ob dat elo besser wär, wat wären d’ Vir- oder Nodeeler wann all Partei zwou Lëschten – eng mat Fraen an eng mat Männer – vun 30 Persounen hätt, also e bësse méi grouss wéi déi Lëschten an der Stad Lëtzebuerg, an mir géingen alleguerten mam System wéi bis elo (awer net den D’Hondt System), dann 30 Fraen an 30 Männer wielen. Sou hätt de Wieler déi gréisst méiglechst Fräiheet, d’ Geschlechter wären gläich representéiert, an et kéint een an all Géigenden vum Land och den Premier wielen oder och net wielen. Mir hätten sou och eng natierlech Hürd vun ëm 3%, wat jo och wichteg wär, fir dat d’ Parlament net zersplittert gëtt wéi an Holland.