METEO - Meteolux mellt
Däischteren Schnéistuerm
Photo: Richard Allaway
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 18:29 bis 09:13 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
De_Jonggesell25.11.2023Zu Lëtzebuerg ass näischt méi am Buedem. D’Wichtelcher hunn iwwer Joerhonnerten alles wat u Gold, Selwer etc do wor, ofgebaut. Liest mol de « Sagenschatz des Luxemburger Landes ».
-
DatAssMengAnalyse25.11.2023Méindes Moies 11 Auer: „Ah wou komm dier 2 dann hier ?“ huet de Schoulmeeschter die 2 Kanner gefrot déi ze spéit an d‘Schoul kommen. „De Bus ass net komm well de Chargeur fir de Bus opzelueden iwwert de Weekend futti war an duerfir hu mer missten warden bis bei engem vun éis den Auto doheem no nach 2 Stonnen lueden prett war.
-
WouereschtdeetWei25.11.2023Ech sin mat alles d'accord waat de Mann seet,mais datt en vir een weideren Ausbau vun der Wand-a Solarenergie plädéiert,kann ech nët verstoen. Déi erneierbar Energien hun guer nët de moyen vir ons Energie ze sëcheren,well se einfach déi sougenannten "Grundlast"nët könne garantéieren,well se nët ëmmer gin,(kee Wand ,keng Sonn). Da mussen derniewend nach ëmmer déi konventionell Kraftwierker laafen,vir de Stroum ze machen,well een déi nët einfach kann aus an uschalten. An déi arem Länner gin ausgebeut vir un de Rohstoff vir Solarzellen ze kommen,Kanner mussen do ënner onméiglechen conditioune schaffen,an ganz Landstrécher gi verseucht mam Ofbau vun der matière première. An dann ass den recyclage vun den Baudeeler vun de Wandmillen am Moment nach nët machbar,do gin dausenden Tonnen vum Material,z.B.vun de Rotoren,einfach a riesen Lächer am Buedem agebuddelt. Déi sëlleche Viegel déi dene Wandmillen zum Opfer falen,Landschaftsverschandelung,an alles vir eng Technik,déi nie eis Energie ka sëcheren.Daat ass alles nëmmen reng Geldmacherei,déi eenzeg déi eppes dovun hun,sin d'Firmen déi se opriichten,déi Leit de se op hiere Stécker stoen hun,an déi déi bestach gi sin vir datt déi Dénger iwerhapt daerfen opgeriicht gin! Awer daat erzièlt éch kee Gréngen a keen vum Mouvéco.
-
Gleewennetalles25.11.2023Dat doten ass jo e placement vun Steiersuen, mech géif interesséieren wievill Prozent Rendement do am business plang ugeholl goufen. Dat matzedéelen gehéiert zur Transparenz.
-
Infowars25.11.2023um enn vumm daag muss een vunn senger pay liewwen kënnen - an daat w.e.g. ouni hëllefen lënks an riets. dozou gehéiert och, datt die kleng payen net well 7% steieren bezuelen. métiers vunn deenen een net liewwen kann, die ginn gemieden an d'leit sichen sech eppes aaneres. an soulang deen probleem net ugepaakt gëtt, soulaang ass all den recht just dekoratioun. daat stellt och d'fro wie weit mer wuessen wëllen an uewwen um turm nach drop bauen wëllen, ouni datt d'fundament ënnen ugepasst gëtt.
-
Infowars25.11.2023Firwaat brauch bei 12-6 Gemengerotssitzungen am Joer een Gemengerootspolitiker iwerhaspt Congé politique verglach mat engem Vereinsbénévole deen all Dag am Asaatz ass ? Daat hun ech nach ni verstaanen ….. CP fir Burgermeeschter an Schäffen absolut d‘accord par contre. Burgermeeschter emer 100% an Schäffen 50-100%.