METEO - Meteolux mellt
Bedeckt Loftlach
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 01:29 bis 14:45 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
donquijote25.08.2023Fannen et awer net richteg dass d'Luxair nach emer dohinner flitt. Virun 2 Meint wären dei Leit wou aus Schweden zereekkommen ann Quarantäne gesat ginn
-
Maxximal25.08.2023...dat wat Madamm Annick Goerens seet, Zitat : "...Politik bleift ebe Politik" passt an dësem Fall wéi d'Fauscht op d'A ! CSV huet Joerzéngtelaang mat gehollef Steiernischen duerch Rulings etc. ze schafen, an ass elo der Meenung dass déi Mëssbrauchsméiglechkeete déi beim Regimm vun de Stock Options, a FISen bestinn, esou séier wéi méiglech mussen ënnerbonnen ginn, dat am Sënn vun enger méi grousser Steiergerechtegkeet ! Dat éiert CSV, an duerfir muss en och hirem Parteipresident Frank Engel zougestoen, dass hien de Courage hat déi Diskussioun ze lancéieren, an mat zwou Motiounen déi dozou vun hinnen an der Chamber abruecht gi sinn vir se ob den 01.01.2021 ofzeschafen net duerchkoumen...a vun de Majoritéitsparteien ofgeleent goufen ! ...Schued dass des Majoritéitsparteien, déi bestëmmt dé Mëssbrauch och wëllen ofschafen, net doriwwer kommunizéiert wéi wéit si domat sinn...och wann et eng komplizéiert Matière ass, vir doriwwer ze legiferéieren ! ..wéi wärt CSV dann oofstëmmen ?
-
nizefridden25.08.2023Also. Ee Patent dengt haptsächlech dozou fir ee Produkt ze SCHÜTZEN dat grad entweckelt gouf, d.h., dass während esouvill Joeren keen Aneren dee Produit kann nomachen. Een deen e Patent ufreet, huet bis dohin schon ganz vill Souen investéiert! Wou Déi hiirkommen ass fuerzegal well hei geet et elo em eng Pandemie?!?! déi weltwäit deklaréiert gouf. Do misst et méiglech sinn, dass ALL Bierger weltwäit d’Méiglechkeet MUSS hunn fir dierfen geimpft ze ginn an zwar matt de selwechten patentéierten a qualitativen Impfstoffer! Et geet elo net drëm fir matt engem Patent decke Goss ze machen, mee em Solidaritéit a Mënscherechter!!! Esoubal kee Patent méi besteet, huet Keen d’Garantie méi iwwert dat wat an Zukunft wärt aus deene Fläschelcher gesprëtzt ginn, d.h. et get och nach onkontrolléierte Goss verdengt?! Dofir dierften esou onnëtz Diskussiounen iwwerhapt net zur Debatt stoen! Déi international Politik ass demno gefuerdert Solidaritéit ze weisen ouni kostbar Zäit ze verléieren?!?!?!
-
Trulla25.08.2023" Kruzial ass et och, der Populatioun, esou wäit et méiglech ass, ze soen, wou d’Rees higeet". Leider wees d'Régierung selwer net wou se higeet. Si warden emol oof, wat esou den Nooper mecht, wéi emmer. Et ass méi einfach alles noomaachen (kneipen), ewéi selwer eppes op d'Been ze setzen. Wat dat schlemmst ass, ass dass keen vun der Régierung d'Initiativ ergreiwt, an emol duerchgréiwt. Gudden commentaire Herr Aulner! mbg Lusy
-
gestressten25.08.2023Dat ass mega. Wéilt ech hätt och esou eng Méiglechkeet zu menger Zäit gehat.
-
LuxTroll25.08.2023Wiem Seng Schold Ass Et Dann wegl??? Kuckt mool rondrem Iech Merci
-
DePefferkaerchen25.08.2023Mir sollten mol endlech ons bewosset gin, dass dem Karel de Groussen seng 2 Bouwen ons dee Schlamassel mat dem -Sproochekorridor- bruecht hun. Wéi de Papp dout war, kruut deen een d'Franken-, deen aneren d'Germanenräich. Europa war gespléckt, keen Zweifel. Op de Grenzen tëscht deene Géigenden si Sproochen entstanen tëscht 'purem' franséisch a 'purem' däitsch. Déi Sproochegrenz zitt sech vu Friesland erof bis Tirol. Mëttendran läit ons Regi'oun, wou lëtzebuergesch geschwat gët, och nach an Deeler déi nët méi zu L. gehéiren. An der Belsch gët 'Areler Land a Sprooch' geheemelt, zu Metz gin ët Leit déi de francique mosellan ënnert d'Lupp huelen. Héichdäitsch as ni an deenen 16 Bundeslänner an der BRD geschwat gin, a souwisou sin an alle Bundeslänner eng ganz Rei Dialekter déi entstane sin durch eben déi Grenzzonen tëscht all deene Länner. Jiddefalls hu mer op d'mannst 16 Sprochen an Däitschland, wat elo dann Dialekter sole sin niewt Héichdäitsch. Ok, Moin,Moin du Hamburger a MOIEN du a Friesland. Däitschland wiert sech géngt all Anglizismen durch d'Profen an den Uni'en besonnesch. Dàitsch-stämmech Wieder sin an Amerika den Alldaach: the german angst, the dachshound asw. Hoppla, a Russland heescht de Straubejitzer, halt Iech un: - Parikmachär - Russesch! Wann een alles dat sou bedenkt, reegt een sech manner op a kuckt sougutt wéi méiglech seng Mammesprooch ze verdédegen. Oder se ze léiren well dat ka mol Virdeeler bréngen am Beruff. Ët läit op der Hand: wien aus der Bretagne as an ëmmer zu Plougastel geliewt huet, muss a sengem eegene Land "seng" Sprooch léiren soss kritt hien deem vun Avignon, an der déifster Provence, nix verkaaft.