METEO - Meteolux mellt
Frësch Ofkillung
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 02:20 bis 12:26 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
tetrapack29.03.2023Schaffen a bezuelen : Mir hunn et bei eis am Stot gemierkt, wats de méi schaffs, wats de logescherweis och méi verdéngs a wats de méi bei d'Lisette gelooss gëss mat de Steiere pro Mount an dono nach eng Kéier pro Joer zesummen. Genee duerfir huet meng Fra vu sech aus opgehal mat schaffen, well hir Minipei ass komplett dropgaang fir d'Joeressteieren an et ass mol net duergaangen. Haut hu mer nëmmen 1. Akommes, et geet eis ewéi ville Leit, et muss ee rechnen, mee fir eis selwer, a net fir d'Staatskeess. ps.: Ier meng Fra opgehal huet mat schaffen ass dat alles bei engem Notair gereegelt ginn, well déi feministesch Astellung dass eng Fra MUSS schaffen am Fall wou.......dat ass eng politesch Erfindung a jiddereen deen sech e bëssche mam Droit auskennt, dee weess dass een alles iwwer Akt beim Notair ka festhalen am géigesäitegen Averständnes.
-
EsoueweiEchdaatgesin329.03.2023H. Urbé, Komesch ausso haut bei der virstellung vum sozial almach: Dir sidd der meenung ët wir ongerecht, wann den, den 10 mindestléin verdingt, nëmme op 5 mindestléin cotiséiere däerf. Op der aner säit reegt dir iech iwwer déi déck pensiounen op. Mengt dir nët, wann de legislateur erlaabe géif op 10 mindestléin ze cotiséieren, da géifen d’pensiounen nët bedeitend méi héich gin zu lëtzebuerg wéi är befierchtung? A wann ee chiffren vun décke pensiounen avancéiert, da sot de leit och vu wéivill mindestléin dir schwätzt; de mindestloun läit ëmmerhin bei +2000 € monatlech! Nët ze vergiessen de positiven impakt vun de pensiounen op d’wirtschaft vun eisem land!
-
KengduebelMandater29.03.2023Dës Gambia-Regierung fäert, dat op esou engem sensible Punkt (deen e bëssen un Trennung vun Kierch a Staat erënnert), d'Reform vum Haff ze laang géif daueren, dat e Blocage kéint alles op Kopp werfen. Awer pass op Gambia, alles muss am Respekt vun der Verfassung gemaach gin. Dat ass den eenzege Wee.
-
Trump197829.03.2023Irgend eppes stemmt hei net: mir kreien vum Minister Bausch net duechgerechnet vivill Tonnen CO2 enstin fir den Satelitt héichzeschéissen. Wehe awer mir furen mam Auto dann muss sech geschummt ginn, well mir zevill Besin verbetzen.
-
Letzpower29.03.2023Et geet dach net dass den ganzen scheffenroot vun der stadt Letzebuerg an der chamber an elo och nach an der majoriteit setztz. An et geet och net duer duebelmandater oofzeschaafen. Eist wahlgesetz muss iwerschafft gin. En attendant weini get sech zeit geholl fir iwert wichtech probleemer zediskuteieren an net nemmen iwert dei urgent an stemmenfenkerten souwuel an der stadt an am Lamd?
-
NONDIKABES29.03.2023Vun de Relioune weess een, wann een déi géing gewäerde loossen, egal vu wou se hier kommen, ganz séier stéing d‘Inquisitioun erëm virun der Dier; eng Inquisitioun, déi verschidde radikal Formen unhuele kann. Mat de politeschen Iwwerzeegungen, ass et do anescht? Wann dann erëm Iddien opkommen, déi ee fir endgëlteg erleedegt gemengt a gehofft huet, da muss een sech natierlech Froe stellen, firwat dat. Beim Duerchbliedere vun der Press, kritt ee schonn d‘Impressioun vermëttelt: Alles vu lénks ass ok; alles vu riets genau sou schlecht an dernieft. Entstinn dann net aus deem radikalen a gären exklusive Muechtusproch Reaktioune bei de Leit, déi mol net verständlech – bis hin, verwerflech -, sinn? Stéisst ee mat der Weltgeschicht net op dat Muster? Iwwregens, wann d‘Assurancë weltwäit mat der Hallschent vun hirem Profit géingen Impfstoffer kafen, - liewen se net vun deenen, déi nach kee Schued hunn -, wier dann dee Probleem net séier weltwäit geléist?