METEO - Meteolux mellt
Bedeckten Schnéistuerm
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 09:05 bis 22:31 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Die_Wahrheit09.02.2023Hu gëscht d'Kéier net kruut. Awer haut ginn ech mer e sichen. Astérixologue, mäi Liewen laang.
-
DirtyHarry09.02.2023Wann se wellen sollen se kennen. Fannen awer wann sie nett méi ob Letzebourg zereck oder jemals wunnen kommen, sollen se sech freiwelleg raus haalen. Lächerlich sin just Parteien déi bis an Brasilien no Stemmen buhlen ginn.
-
Yuppy09.02.2023Eng idee, dei e bessen speit kennt, mee et keint een och z.b. de chreschtdaags-trakteren d,arlaabnis ginn, vir z.b. zweschen 23:30 an 0:30 een tour duerch d,ländchen ze maachen. Domat hätten sie villäicht een doubelen succes, vir all hier arbecht, dei sie sech maachen, vir vill leit eng kleng freed ze maachen
-
den Trellert09.02.2023Macht Photo'en an eng virtuell Reconstruktio'un fir an de Musée !
-
KengduebelMandater09.02.2023Ech wuarden haut nach op eng Äntwert déi ech hierem Protestpiquet am Summer an der Stadt gestallt hunn wéi sie sech ee Referendum zur Constitutioun virstellen.
-
Josy_Barthel09.02.2023Des Jooer wärt d'Touristensaison nawell spannend gin, och fir den Tour Operators hire Budget.
-
jangmetti09.02.2023Net nëmmen ISCHGL; liest emol wat zu Mulhouse geschitt as, Mëtt Februar hun do 2000 Leit vun enger evangelescher Kierchegemeinschaft zesumme gefeiert..... Dat huet zu der schlëmmster Covid-19 Epidemie a Frankräich gefouert.
-
Komplet_Wurscht09.02.2023Hahahaaa.... Mol eng kleng Geschicht fier ze schmunzelen an déi naischt mat COVID ze din huet. D'Geschicht huet mir exzellent gefaal, well ech selwer zënter Joëzengten Kaatzen hun an dât dô mir och schons fier komm ass. Et riicht vun irgendwou an fënnt een naischt. Eng vun mengen Kaazen, déi awer schons laang doud ass (sie war tatsächlech 23 Joër aal gin), stoung emol nuets virun der Dier an huet fuerchtbar Kaméidi gemaach. An well ech nët wollt, dass sie d'ganzt Nopperschaft soll erwäschen, hun ech hier Dier opgemaach. Zu daer Zeit haaten mir och nach een groussen Hond (Münsterländer, mat enger gudder Portioun Juegdgeenen). Wou d'Kaaz dann dun an der Kichen war, huet sie mir hieren Kadeau gewiesen. Sie haat eng kleng niedlech Maus an der Schnëss. An d'Mausi war esou kleng, dass hier an der Schnëss vun der Kaaz naischt geschiit waar. Den Problem waar awer, dass d'Mausi dun nuets um 2 Auer nët nëmmen duerch eis Kiichen gelaaf ass fier sech kënnen ze verstoppen. Ergo, Kaatz, Hond an den ganzen Stoot hannert daer klenger Maus hier. Kaaz fier se ze friessen, den Hond aus Spill an Spass, an main Mann an ech, fier déi kleng Maus ze retten. Dât Spill ass gaang bis mueres géint 5 Auer. Gewoon huet déi kleng Meisschen. Sie huet sech vun mir an mengem Mann fänken gelooss, an mir hun sie dun um 5 Auer mueres méi wéit vun eisem Haus erëm an d'Fraiheet gelooss. Kaaz an Hond hun d'Welt nët mei verstaan. An mein Mann an ech, mir sin honsmidd an kaazdoud schaffen gefuer...:-))). Sou ass dât, wann een Déieren huet...ech kéint daer klenger Geschichten iwer eis Déieren elo nach méi schreiwen, mee dât géif hei an elo awer den Rahmen komplett sprengen...:-)))
-
Anna_List09.02.2023Mat wéi engem Recht verlängeren sie dat Gesetz?! Et geet kee Grond. Wat gett verstoppt? Well em de Covid geet et hei net méi. D‘Infektiounszuelen sin extrem niddereg an och de Virus ass net méi esou aggressif wéi nach ufanks des Joër. Firwat nach emmer déi Panikmacherei ?! Mir hun et am alldeeglegen Liewen mat vill méi schlemmen Viren a Bakterien ze din, wou et bewisen ass dass déi ganz schlemm Autoimmunkrankheeten a Kriibs kennen ausléisen. Firwat gett do keen Alarm geschloen? Et gett de Covid 19 mee et wärt och erem ee neie Covid kommen an duerno erem ee neien. Bis wéini geet dat d‘Spill da weider? Dat heescht dat Covidgesetz wäert emmer nees verlängert gin. Mee eis Lëtzebuerger geet et nach vill ze gutt. All déi Lait daeren Existenz um Spill steet a wäert stoen sin eis egal. Mol kucken wann et un eis Pensioun geet oder eng ‘Covidsteier‘ kennt wien da fir d‘éischt mault....all déi déi de Back lo net opkréien. Mir wäerten nämlech de ganzen Zirkus bezuelen mussen...wee soss?!