Photo: tzzimone (CC BY-NC 2.0)

Hutt dir net och heiansdo d Gefill den nämmlechten dag ëmmer an ëmmer nees ze duerchliewen? Ween hätt geduecht wat esou e klengt Déierchen domadder ze dinn huet.

Wien kennt se net, déi berühmte Comédie mam BIL MURRY an där enger Fra, déi och ëmmer an all deene Filmer d’Fra gespillt huet, wou de Murey all Moie waakreg gëtt an de selweschten Dag nach eemol erliewe muss. Während dem Morray seng Figur ee Wee sicht, aus dësem Däiwelskrees auszebriechen, léiert hien net nëmmen de Sënn vum Liewe kennen, mee verléift sëch och onstierflech an déi eenzeg Fra, déi do ass. Den Owend kënnt dir dëse Klassiker bei eis op der Antenn iwwer d’RTL Websäit direkt an der Post-Médiatéik kucken.

Abee, wien hätt geduecht, dass dëse gelungen Dag echt ass? Haut ass also tatsächlech den internationalen Dag vum Muermeldéier, engem apaarte klengen Naager, dee fir den Uffank vum Fréijoer oder de Schluss vum Wanter steet. Seng Zänn si ganz witzeg, mee och geféierlech, dowéinst kënne mer frouh sinn, dass dës riiseg Raate bei eis alleguer ausgerott gouffen.